PLAY PODCASTS
On the Record - Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

211 episodes — Page 5 of 5

Ep 24On the Record: Neiorientéierung vun der humanitärer Hëllef

Lëtzebuerg kritt eng nei Strategie fir seng humanitär Hëllef, a well sech doduerch un d’Realitéit vun den Dauerkrisen an der Welt upassen. Firwat déi Approche am ONG-Beräich net onëmstridden ass: Doriwwer geet et an der neier Episod vu Reporter „On the Record“.

Aug 26, 202213 min

Ep 23On the Record: Wat huet de Steierdebat bruecht?

Steieren a Gerechtegkeet wäerten e wichtege Sujet bei de Walen 2023 sinn. Am Juli hunn sech d'Parteien an der Chamber scho positionéiert. Mee fir wéi eng Reforme gëtt et och eng politesch Majoritéit? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.

Aug 19, 202214 min

Ep 22On the Record: De Manktem u Flüchtlingsstrukturen

Zu Lëtzebuerg feelt et u Plaz fir Flüchtlingen ënnerzebréngen. De Constat, dee schonn 2015 beim Syriekrich gemaach gouf, bleift haut onverännert. D'Autoritéite sinn an engem Däiwelskrees gefaangen. Dorëms geet et an der neister Episod vun "On the Record".

Aug 12, 202211 min

Ep 21On the Record: Wéi sënnvoll ass den Tankrabatt?

Säit Abrëll si mam Tankrabatt d’Steieren um Sprit erofgesat. Mee et bestinn Zweiwel, ob déi Mesure hält, wat d’Regierung versprécht. Am Hannergrond streit d’Koalitioun och iwwert den Tanktourismus. Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.

Aug 5, 202214 min

Ep 20On the Record: De politesche Stil vum Paulette Lenert

Gëtt et eng „Methode Paulette Lenert“? Wat zeechent de Féierungsstil vun der Vizepremier- a Gesondheetsministerin aus? A wéi realistesch sinn hir Chancen, déi éischt Premierministerin am Land ze ginn? Dorëms geet et an der neister Episode vun „On the Record“.

Jul 29, 202216 min

Ep 19On the Record: Black Box SIGI

D'Mëssstänn am "Syndicat Intercommunal de Gestion informatique" (SIGI), déi Reporter.lu rezent opgedeckt huet, hu séier Konsequenze kritt a sollen elo duerch 3 Auditten gekläert ginn. Am REPORTER-Podcast "On the Record" gëtt déi ganz SIGI-Saga opgeschafft.

Jul 22, 202212 min

Ep 18On the Record: De Fall CIGR-Mëllerdall

Fir Léit, déi laang am Chômage sinn, solle Beschäftegungsinitiative wéi de CIGR-Mëllerdall eng Bréck bidde fir op de régulairen Aarbechtsmarché ze kommen. Mee wéi Betraffener Reporter.lu erzielen, stécht dohannert e System, dee senger Missioun net ëmmer gerecht gëtt.

Jul 15, 202215 min

Ep 17On the Record: "Passerell asbl"

Wee zu Lëtzebuerg Asyl ufreet, muss sech op laangwiereg a komplex Prozeduren astellen. Fir déi divers bürokratesch Hürden ze meeschteren, kennen Flüchtlingen Ënnerstëtzung kréien vun der Hëllefsorganisatioun "Passerell". D'Asbl, déi selwer em d'Iwwerliewen kämpft, kritiséiert datt Flüchtlingen kee gudden Access zur Justiz kréichen: se géifen net vun den Autoritéiten iwwert hir Rechter opgekläert ginn, an generell géing et u spezialiséiert Affekoten feelen. "Passerell" ass mat hirem konsequenten Aktivismus eng Ausnam am Lëtzebuerger ONG-Secteur: d'lescht Joer huet si d'Direction de l'Immigration verklot, dat well Agenten Flüchtlingen systematesch dovunner ofhalen géifen, eng "demande de protection internationale" anzereechen. An der neier Episod vum REPORTER-Podcast "On the Record" setzen sech d'Journalisten Luc Caregari an Isabel Scott vu Reporter.lu ënnert anerem mat dëse Froen auserneen.

Jul 8, 202215 min

Ep 16On the Record: D'Affär SuperDrecksKëscht

D'Dysfonctionnementer bei der Aktioun SuperDrecksKëscht, déi Reporter.lu d'läscht Joer opgedeckt huet, beschäftege weider d'Politik. An dëser Episod vu REPORTER "On the Record" schafen d'Isabel Scott an de Pit Scholtes e kriteschen Iwwerbléck iwwer déi ganz Affär.

Jul 1, 202215 min

Ep 15On the Record: Legaliséierung vu Cannabis

D’Regierung wëll Cannabis „dekorrektionaliséieren“. Wat heescht dat? An ass domat déi eigentlech geplangt Legaliséierung vum Dësch? Am REPORTER-Podcast „On the Record“ versichen d’Isabel Scott an de Pol Reuter Kloerheet an den Dossier Cannabis ze bréngen.

Jun 24, 202212 min

Ep 14On the Record: Lëtzebuerger Russlandpolitik

„On the Record“ mam Isabel Scott ass den neie Weekly-Podcast vu Reporter.lu iwwer eng vun eise Storyen an hir Hannergrënn. An der 1. Episod geet et ëm Lëtzebuerger "Consuls honoraires" a Russland an d'Ambivalenz vun der Lëtzebuerger Aussepolitik am Kontext vum Ukrainkonflikt.

Jun 17, 202215 min