
On the Record - Reporter.lu
219 episodes — Page 4 of 5
Ep 82De Bilan vum Walkampf
Fir déi eng ze laang, fir déi aner ze kuerz: D’Walcampagne geet op een Enn. Wat bléift bei de groussen Sujeten zréckzebehalen? Wéi erfollegräich hun d’Spëtzekandidaten hir Akzenter gesat?
Ep 81Special Edition: Xavier Bettel am Interview
Wat bléift vum Xavier Bettel als Premierminister a wéi well d’DP des Kéier dat ëmsetzen, wat se säit zéng Joren net ëmgesat krut? Dorëms goung et am leschten „REPORTER Live“ mat dem Spëtzekandidat vun der DP. De ganzen Interview gëtt et hei fir nozelauschteren.
Ep 80Special Edition: Paulette Lenert am Interview
Wéi wëll d’Paulette Lenert Premierministerin ginn an déi grouss Fuerderungen aus hirem Programm ëmsetzen? Dës Woch huet sech d’Spëtzekandidatin vun de Sozialisten am „REPORTER Live“ de Froe vu Reporter.lu gestallt. De ganzen Interview gëtt et hei fir nozelauschteren.
Ep 79D’Walen an d’Wunnengskris
De Problem vum Logement huet sech an de leschte fënnef Joer drastesch verschäerft. Wat ass de Bilan vu Blo-Rout-Gréng a wéi realistesch sinn d’Propose vun de Parteien?
Ep 78D’Knackpunkten tëscht de Parteien
Wie ka mat wiem a virum allem mat wéi engen Inhalter? D’Differenze bei der Steierpolitik an der Aarbechtszäit gi lo däitlech. Wéi kompatibel sinn d’Parteien an deene Sujeten, déi aktuell ervirstiechen?
Ep 77Special Edition: Sam Tanson am Interview
Wéi e Bilan zitt Sam Tanson vu Blo-Rout-Gréng a wéi eng politesch Prioritéite verfollegt si? Dës Woch huet sech d’Spëtzekandidatin vun Déi Gréng am „REPORTER Live“ de Froe vu Reporter.lu gestallt.
Ep 76Eng gescheitert Sozialpolitik
D’Schéier tëscht Aarm a Räich geet auserneen, d’Schoul bitt net déi selwecht Chance fir jiddereen. Wéi ass de Bilan vu Blo-Rout-Gréng an deene Beräicher? Wéi eng Sozialpolitik huet d’Regierung gemaach?
Ep 75Special Edition: Luc Frieden am Interview
Wien ass de Luc Frieden a mat wéi engen Iddien wëll hien d'Wielerinnen a Wieler iwwerzeegen? Dës Woch huet sech de Spëtzekandidat vun der CSV am "Reporter Live" de Froen vum Christoph Bumb, Chefredakter vu Reporter.lu, gestallt.
Ep 74Nei Sonndesfro, nei Dynamik?
D’Walplakater hänken, d’Braderie ass eriwwer an déi lescht Sonndesfro virun de Wale publizéiert. Wat bedeit dëse Sondage? An wéi stellen déi méi kleng Parteien sech fir d’Walen op? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Ep 73Ass dat scho Walkampf?
D’Parteien brénge sech a Positioun fir den offizielle Start vum Walkampf. Wäert dann déi Debatt iwwer déi grouss Erausfuerderunge vum Land kommen? A wéi eng Roll hunn d’Medien nach am Walkampf? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Ep 72Institutionell Intransparenz
De Staatsrot ass ee wichtegen, ma och ee kontroversen Deel vum politesche System. Ass de Fonctionnement vun der Institutioun nach zäitgeméiss? A wéi geet si mat Interessekonflikter vun hire Memberen em? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Ep 71Walkampf am Summerlach
De Walkampf geet eréischt am September offiziell lass. Bis dohinner halen sech déi meescht Politiker mat konkrete Proposen zeréck. Firwat ass dat esou? An op wéi eng Strategie setzen d’Parteien an de nächste Wochen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Ep 70Zënsen erop, Präisser erof an elo?
Ëmmer manner Leit kréien een Immobiliëkredit an entspriechend wéineg Wunnengen an Haiser gi verkaaft. Wéi geet et mat den Zënse weider? Wäerten d'Präisser geschwënn rëm klammen?
Ep 69Vu Ministerspesen an aneren Dokumenter
Firwat interesséiert een sech fir d’Ausgaben vu Politiker bei Auslandsreesen? Wourunner moosst een den Interet public vu journalistesche Recherchen? A wéi kéint den Informatiounszougang besser geregelt ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Ep 68De Marathon an der Chamber
Iwwer 30 Gesetzer huet d’Parlament an der leschter Sëtzungswoch gestëmmt. Wat koum nach u Reformen duerch a wat ass leie bliwwen? A wat heescht dat fir d’Zukunft vu Blo-Rout-Gréng?
Ep 67Déi mam Paulette
D’LSAP setzt héich Erwaardungen an hier Spëtzekandidatin an hir Popularitéit. Fir wéi eng Politik steet d’Paulette Lenert an wéi stinn hier Chancë fir de Xavier Bettel als Premier ofzeléisen?
Ep 66D’Parteien an hir Strategië fir d’Walen
De Walkampf ass lancéiert: No de Kongresser vun CSV, DP an LSAP ginn déi éischt Tendenze kloer. Wéi eng Themen dominéieren a wéi positionéieren sech déi dräi Parteien ënnereneen?
Ep 65Gréng Widderspréch a Kompromësser
Mat der Spëtzekandidatin Sam Tanson wëllen Déi Gréng am Oktober de Schued limitéieren. Héich Uspréch, mee eng Politik am Konsens ass de Resumé vum Walprogramm. Ass dee Spagat ze packen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Ep 64Geféierleche Stëllstand um Immobiliëmarché
D’Schëlder mat „A vendre“ bléiwe laang hänken. Nei Zuele beleeën, datt nëmme wéineg Immobilien kaaft ginn. D’Präisser falen. Wéi geet et weider a wéi reagéiert d’Politik op déi Situatioun? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Ep 63Déi mam Premier
Wat bedeit Demissioun vum Corinne Cahen fir d'Stëmmung an der Koalitioun an an der DP? Wéi huet sech d'DP an de leschten zéng Joer ënnert dem Xavier Bettel verännert? An wat ass dem Premier säi Politikstil? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Ep 62Vun Héichbuergen a Wielerwëllen
Bei de Gemengewale goufen et eng Réi Iwwerraschungen. Wat soen d’Resultater iwwer lokal Affären an national Trends aus? Wéi eng Konsequenzen si fir d’Chamberwalen z’erwaarden?
Ep 61D'Enjeuxen vun de Gemengewalen
Wéi eng Themen hunn de Walkampf gepräägt? Wéi wichteg si Walprogrammer an Zäiten vun enger staarker Personaliséierung vun der Politik? A wéi enge Gemengen kéint et zu Iwwerraschunge kommen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Ep 60De Phänomen Lydie Polfer
D’Lydie Polfer wëll och no de Gemengewale gäre Buergermeeschterin vun der Haaptstad bleiwen. Wéi tickt déi Fra, déi zanter 40 Joer Beruffspolitikerin ass? Fir wéi eng Politik steet si? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Ep 59Wéi virbildlech musse Politiker sinn?
Firwat gëlle fir Politiker aner Standarde vu Moral an Anstand wéi fir aner Mënschen? Wei ginn Medien a Politik mat Skandaler ëm a wat kann een aus der Spesenaffär vum Franz Fayot léieren? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Ep 58D’Lëtzebuerger Arméi am Wandel
Wéi eng Strategie verfollegt d’Regierung an der Verdeedegungspolitik? Wéi een Impakt hunn den Ukrain-Krich an déi doduerch verännert international Sécherheetslag op d’Lëtzebuerger Arméi? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Ep 57D’politesch Ambivalenz vum Luc Frieden
D’CSV setzt am Walkampf op d’Kompetenz vun hirem Spëtzekandidat Luc Frieden. D’Vergaangenheet vum Ex-Minister kéint an den nächste Méint awer och nach kontrovers diskutéiert ginn. Firwat? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Ep 56Sécherheetspolitik am Superwaljoer
D’Kriminalitéitszuele ginn tendenziell erop. Wéi sënnvoll sinn d’Mesuren, déi d’Parteien am Walkampf proposéieren? Wéi grouss ass de Broch an der Koalitioun beim Sujet Sécherheet?
Ep 55Finanzpolitik an der Polykris
D’Wirtschaft wiisst méi lues an d’Staatsschold klëmmt: Wéi krisefest an nohalteg sinn d’Lëtzebuerger Staatsfinanzen? An si Steiererliichterunge trotz héijer Staatsschold realistesch?
Ep 54Rett Lëtzebuerg d’Klima?
Bis 2050 soll Lëtzebuerg klimaneutral ginn. Mam Update vum Klimaplang wëll Blo-Rout-Gréng dat erreechen. Sinn eis Zieler realistesch an tatsächlech esou ambitiéis wéi d’Regierung gäre betount?
Ep 53Vill Steiersuen, wéineg Kontroll
Wéi geet de Staat mat Steiersuen ëm? Wéi stellt en déi néideg Kontroll sécher, wann et dobäi em en Optrag vun enger privater Entreprise wéi am Fall vum „Luxembourg Science Center“ geet? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Ep 52De Phänomeen Spëtzekandidaten
Vu Luc Frieden bis Sam Tanson: Déi meescht Parteien hu lo decidéiert, wien si an d'Wale féiert. Wat ass d’Strategie hannert de Spëtzekandidaten? Fir wéi eng Inhalter stinn déi eenzel Perséinlechkeeten?
Ep 51Law and Order am Gemengewalkampf
D’Sécherheetsgefill taucht ëmmer rëm am politeschen Debat ob. Sinn Mesuren wéi aktuell d’Verbuet vum Heeschen déi richteg Äntwert op d’Problemer? Wat ass an engem Rechtsstaat iwwerhaapt ubruecht?
Ep 505 Joer onofhängege Journalismus
Am Mäerz 2018 ass op Reporter.lu den éischten Artikel online gaangen. Wat war d’Motivatioun fir en „anere Journalismus“ ze lancéieren? Wat sinn d’Erausfuerderunge vun engem jonke Medium? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Ep 49Wat daacht de „Solidaritéitspak 3.0“?
D’Sozialpartner sinn zefridde mam Accord. Mee ass d’Resultat vun der Tripartite gerecht an op der Héicht vun de Problemer? Wéi hunn sech d’Koalitiounspartner aus der Affär gezunn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Ep 48Kënnt déi grouss Steierreform nach?
D’Politik debattéiert zanter Méint iwwer eng Steierreform. Wéi eng Modeller ginn proposéiert? Wéi finanzéierbar a sozial gerecht wier eng fundamental Reform vum Letzebuerger Steiersystem? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Ep 47Affären a Kontroversen am Gemengewalkampf
D’Gemengewale sinn den 1. Rendezvous am Superwaljoer. Wéi eng Gemenge muss ee besonnesch am Bléck behalen? Wéi eng politesch Affären aus de leschte Jore kéinten en Impakt op d’Walen hunn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Ep 46D’Offshore-Welt vum Patrick Hansen
Luxaviation an säi CEO Patrick Hansen stoungen am Fokus vu 15 Medien. Wéi koum et zu der internationaler Recherche? Firwat brauch et méi Transparenz bei onduerchsiichtege Firmen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Ep 45D’Hannergrënn vun der Affär Cenaro
D’Faillite vu Cenaro schléit héich Wellen. Dës Woch koum et zu Perquisitiounen. Reporter.lu hat d’Problemer vum Promoteur revéléiert. Wéi geet et fir d’Keefer weider? Wat sinn d’Indizie fir Bedruch? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Ep 44D’Strategie vum Paulette Lenert
D’Paulette Lenert wëllt Premierministesch ginn. No laangem Zécke fuerdert si de Xavier Bettel eraus. Wat ass hier an der Politik wichteg? Huet d’LSAP-Spëtzekandidatin eng reell Chance an de Walen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Ep 43Den Immobiliemarché an der Sakgaass
D'Keefer zécken, d'Promoteure waarden an d'Zënsen drécken: Den Drock ob d'Regierung wiisst an der Logementspolitik. Wéi misst op d'Kris reagéiert ginn? Ass Kritik um Loyersgesetz berechtegt? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Ep 42La société, c'est moi?
En cinq ans, les affaires d'abus de biens sociaux ont doublé en volume. D'où vient cette inflation de patrons qui puisent dans les caisses de leur entreprise? Y a-t-il des parallèles entre les différents cas? Ce sont les sujets du nouvel épisode du podcast «On the Record».
Ep 41Wéi geet et weider an der Ukrain?
Virun méi wéi zéng Méint huet Russland d'Ukrain iwwerfall. Wéi huet sech de Krich zanterhier entwéckelt? Wéi huet sech d'Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung zu deem Konflikt verännert? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Ep 40Wat bleift vun Esch 2022?
D'Kulturjoer vun Esch an 18 Partnergemenge geet dës Woch offiziell op en Enn. Wat ass de Bilan vun Esch 2022? A wat kann een aus der mouvementéierter Geschicht vum Projet léieren? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.
Ep 39Een Update fir d'Lëtzebuerger Demokratie
Lëtzebuerg kritt eng nei Verfassung. Wourëms geet et bei dëser Reform? Wat bedeiten déi Ännerungen fir de politesche System an de Fonctionnement vun der parlamentarescher Demokratie? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.
Ep 38D'CSV virum Superwaljoer
Déi nei "Sonndesfro" bestätegt den politeschen Trend: D'Regierungsparteien bleiwe stabil an d'CSV verléiert massiv an der Wielergonscht. Wéi ass den Zoustand vun der (nach) gréisster Partei am Land virum Superwaljoer 2023? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.
Ep 37Transparenz um Réckzuch
No enger Decisioun vum Europäesche Geriichtshaff gouf de "Registre des beneficiaires effectifs" ofgeschalt. Wat bedeit dat fir d'Transparenz vun der Finanzplaz an fir d'Praxis vun investigativem Journalismus? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.
Ep 36Lektiounen aus der Pandemie
Wéi gutt ass Lëtzebuerg duerch d’Pandemie komm a wéi eng Léiere sollt d’Politik doraus zéien? An der Chamber gouf doriwwer kontrovers gestridden. Och déi international Recherche „Shadow Diplomats“ ass e Sujet an der neister Episod vun „On the Record“.
Ep 35Wat bréngt d'COP27?
Trotz de ville Klimakonferenzen ass d'Welt nach wäit vum 1,5-Grad-Zil ewech. Zu Sharm El Shëikh waren d'Erwaardungen trotzdem grouss. Mee wou sti mer haut an der internationaler Klimapolitik? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.

Ep 34Aussepolitik an aussergewéinlechen Zäiten
Wéi eng Aussepolitik féiert Lëtzebuerg an enger Welt, déi zanter Méint duerch de Krich an der Ukrain geprägt gëtt? Wat ass vun de Prioritéite vum Ausseminister ze halen, déi dës Woch an der Chamber virgestallt goufen? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.

Ep 33Klima, Bierger an eng Hesper Affär
Wat ass vum Debat an der Chamber iwwer d'Proposen vum Klima-Biergerrot zeréckzebehalen? An wéi ee politeschen Impakt kéint de Prozess iwwer d'Detournement-Affär an der Gemeng Hesper hunn? Dorëms geet et an der neister Episod vun „On the Record“.