PLAY PODCASTS
On the Record - Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

219 episodes — Page 3 of 5

Ep 134D’politesch Ofwéckelung vun der Caritas

D’Caritas Lëtzebuerg gëtt duerch eng nei Organisatioun ersat, international Projete ginn agestallt. Wéi eng Roll spillt dobäi d’Regierung, notamment de Premier an de Kooperatiounsminister?

Sep 20, 202422 min

Ep 133Eng Recherche voller Hindernisser

Wéi eng Roll spillt Lëtzebuerg bei Frontex-Missiounen? Dat huet d’Journalistin Charlotte Wirth recherchéiert. Wéi eng Steng hir dobäi an de Wee geluecht goufen a firwat si elo juristesch géint d’Regierung virgeet, dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Sep 13, 202419 min

Ep 132Bleift Lëtzebuerg e schlechte Schüler?

Geschwënn ass Rentrée. Wou steet de Lëtzebuerger Schoulsystem am Joer 2024? Firwat si Reformen an der Educatioun esou schwéier? A wéi eng Projete gi méiglech Piste vir? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Sep 6, 202427 min

Ep 131Lëtzebuerg a seng Vëlospolitik

Och zu Lëtzebuerg fueren ëmmer méi Leit Vëlo. D’Infrastrukture ginn deem Trend awer net gerecht. Firwat deet sech d’Politik do esou schwéier? Wou ginn et gutt Usätz? A wou gëtt et nach vill Loft no uewen?

Aug 30, 202424 min

Ep 130Vum Summerlach an de politeschen Hierscht

D’Lëtzebuerger Politik ass an der Summerpaus. Mee d’Caritas-Affär impaktéiert och d’Regierung. Wat ass d’Roll vum Premier an deem Dossier? A wat fir Sujete stinn nom Summer um politeschen Ordre du jour? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Aug 23, 202417 min

Ep 129Wéi dréngend ass eng Pensiounsreform?

D’Regierung wëll iwwer eng Reform vum Pensiounssystem schwätzen. Wat sinn d’Grënn fir deen Timing? Gëtt et e Konsens an der Gesellschaft? A firwat si lo d’Grenze vum Wuesstum en Thema?

Aug 16, 202419 min

Ep 128Wat brénge Petitiounen?

Knapp 20.000 Leit hunn zwou Petitiounen zu LGTBQI an der Schoul ënnerschriwwen. Wat seet dat iwwert Biergerbedeelegung aus? Wéi notze Populisten dat Instrument fir Agendasetting?

Aug 9, 202423 min

Ep 127D’Affär Caritas – vill Suen a vill oppe Froen

D'Nouvelle, datt bei der Caritas Sue solle verontreit gi sinn, huet ageschloe wéi eng Bomm. Wéi konnt dat geschéien? Firwat huet d'Kontroll versot? A wéi ass d'Reaktioun vun der Regierung anzeuerdnen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Aug 2, 202417 min

Ep 126De Meltdown vun de Piraten

De Marc Goergen an de Sven Clement streiden ëffentlech. Wat war de konkreten Ausléiser? Wéi eng Zukunft gëtt et nach fir d’Piratepartei? A gouf et änlech Konflikter an der Lëtzebuerger Parteiegeschicht?

Jul 26, 202420 min

Ep 124Déi kriddeleg Dossieren vum Claude Meisch

Den Educatiounsminister kritt d’Affär ëm de Science Center an d’Problemer am Mamer Lycée net an de Grëff. Wéi transparent kommunizéiert de Claude Meisch? Gëtt hie senger Verantwortung gerecht?

Jul 19, 202422 min

Ep 123Wéi eng Majoritéit fir Frankräich?

Frankräich huet gewielt. A wéi et elo weidergeet, ass ongewëss. Wéi ass d’Resultat vum zweete Waltour anzeuerdnen? Wéi eng Optioune ginn et elo? A wat bedeit dat alles fir de President Emmanuel Macron?

Jul 12, 202422 min

Ep 122Déi nei Lokalpolice, méi wéi just e Badge?

Aus der geplangter Gemengepolice gëtt eng „Police locale“. Ass dat just eng Marketingaktioun oder eng pragmatesch Politik? Wéi soll dat Konzept hëllefen? A wat seet dëse Projet iwwert de Stil vun der Regierung aus?

Jul 5, 202421 min

Ep 121Frankräich tëscht Blocage a Chaos

Déi nächst Woche wielen d’Fransousen en neit Parlament. Kann de Plang mat de Neiwale fir de President Emmanuel Macron opgoen? Wéi en Impakt kann dat Walresultat op Europa hunn? An wéi een op Lëtzebuerg?

Jun 28, 202422 min

Ep 120Eng Friddenskonferenz ouni Fridden

An der Schwäiz gouf iwwert e méigleche Fridden an der Ukrain diskutéiert. Wat ass vun där Konferenz zréckzebehalen? Wéi ass d'Situatioun am Krichsgebitt? A wéi sinn déi nei Defense-Ziler vu Lëtzebuerg anzeuerdnen?

Jun 21, 202423 min

Ep 119Eng Ried mat ville Froenzeechen

De Luc Frieden huet seng éischt Ried zur Lag vun der Natioun gehalen. Wéi sinn seng Annoncen anzeuerdnen? Wéi gesäit et mat der Géigefinanzéierung aus? A wéi huet de Premier sech rhetoresch geschloen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Jun 14, 202423 min

Ep 118Wat bleift vum Europawalkampf?

D’Europawalen sti virun der Dir. Wat ass aus deem Walkampf hänkebliwwen? Wéi eng Parteie konnten Akzenter setzen? A wéi hunn sech d‘Kandidate fir e Posten an der EU-Kommissioun geschloen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Jun 7, 202423 min

Ep 117Ass d’Lëtzebuerger Klimapolitik nach ambitiéis?

Déi nei Regierung hat ugekënnegt, eng aner Klimapolitik ze maache wéi hir Virgänger. Wat huet Schwaarz-Blo bis elo geännert? Wou gëtt et eng Kontinuitéit? A wat bedeit dat fir d’Klimaziler?

May 31, 202418 min

Ep 116Wat huet Schwaarz-Blo bis elo opweises?

Déi nei Regierung aus CSV an DP ass mëttlerweil säit engem hallwe Joer am Amt. Wou konnt si politesch Akzenter setzen? Wou gouf et Kontroversen? A wat ass vun hirer Kommunikatioun ze halen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

May 24, 202423 min

Ep 115Lëtzebuerg an aner Dubai-Connections

Bei der Recherche „Dubai Unlocked” ass Reporter.lu op Spuere vum Frank Schneider a vu senger Roll an der „OneCoin”-Affär gestouss. Wat ass soss nach bei der Recherche erauskomm? A wat fir Suite kéint si hunn? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

May 17, 202420 min

Ep 114Festung Finanzplaz

D‘Interesse vun der Lëtzebuerger Finanzplaz sinn eng Prioritéit fir d’Regierung. Mat wéi engen Argumenter gi si verdeedegt? A wéi passt dat an d’Bild vun enger soss pro-europäescher Aussepolitik? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

May 10, 202425 min

Ep 113De Mythos vum abordabele Wunnraum

Déi ëffentlech Bauträger bréngen nëmme wéineg Wunnengen un de Client. Firwat sinn hir Präisser oft bal sou héich wéi um private Marché? A wéi kéint d’Politik wierklech abordabele Wunnraum schafen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

May 3, 202420 min

Ep 112D’Lëtzebuerger Roll bei den Europawalen

A knapp sechs Woche sinn Europawalen. Wéi ee Walkampf kënnt op Lëtzebuerg duer? Wat sinn déi grouss politesch Challengën? A wéi stinn d’Chancë vun de Lëtzebuerger Politiker op Top-Posten an der EU?

Apr 26, 202421 min

Ep 111Eng nei Regierung, an och eng nei DP?

Vun der Premierpartei zum Juniorpartner: Wéi geet d’DP mat deem Rollewiessel ëm? Wat fir Persoune bestëmme mëttlerweil d’Politik vun der Partei? A wéi kéint d’Zukunft vun de Liberalen ausgesinn? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

Apr 19, 202422 min

Ep 110Wéi radikal ass d’ADR?

D'ADR huet sech iwwer d'Joren ëmmer méi radikaliséiert. Wéi ass hir Ideologie haut anzeschätzen? Wéi eng Roll spille Rietsextremisten am Europa-Walkampf? A wéi solle Medie mat hirem Populismus ëmgoen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

Apr 12, 202423 min

Ep 109Ee Mobilitéitsplang ouni Plang

Dräi Joer huet de Stater Schäfferot gebraucht fir ee Mobilitéitsplang virzeleeën. Wéi kann d’Stad dem Verkéiersinfarkt entgoen? Wat fir eng Roll soll den Tram dobäi spillen a firwat gëtt et Sträit iwwert den Tracé?

Apr 5, 202423 min

Ep 108Mécht Lëtzebuerg genuch fir d’Ukrain?

Méi wéi zwee Joer Krich an der Ukrain a keen Enn en Vue. Wéi gesäit déi Lëtzebuerger Ënnerstëtzung aus? Wéi huet sech déi national Defense-Politik verännert? A wéi kéint de Krich sech weider entwéckelen? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

Mar 29, 202422 min

Ep 107Nom Walkampf ass virum Walkampf

D'Parteie positionéiere sech fir d'Europawalen. Wéi een Afloss huet de Regierungswiessel op intern parteipolitesch Dynamiken? Wéi hunn d'Parteien sech personell an inhaltlech nei opgestallt? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

Mar 22, 202422 min

Ep 106Science Center – eng Affär ouni Enn?

De Fall vum Science Center hat Interessekonflikter a Problemer am Ëmgang mat ëffentleche Gelder gewisen. Wéi wäit ass d’Affär mëttlerweil opgeschafft? A firwat ass si keen Eenzelfall? Dorëms geet an der neister Episod vum Podcast „On the Record”.

Mar 15, 202421 min

Ep 104E Budget tëscht Rhetorik a Realitéit

Wat ass vum éischte Budget vun der neier Regierung ze halen? Wéi eng politesch Akzenter setzt Schwaarz-Blo domat? A wat geschitt, wann d’Rechnung um Enn net opgeet?

Mar 8, 202418 min

Ep 103Wéi transparent muss d’Parlament sinn?

D’Deputéiert hunn nieft hirem Chamber-Mandat vill aner Fonctiounen. Wat verdéngen si dobäi? Wéi eng méiglech Interessekonflikter hunn si doduerch? A firwat soll d’Ëffentlechkeet dat alles wëssen?

Mar 1, 202423 min

Ep 102Een éischte Regierungsbilan

Déi nei Regierung ass mëttlerweil net méi esou nei. Wéi ass de Start vu Schwaarz-Blo anzeschätzen? Kënne si hir Pläng a Verspriechen ëmsetzen? A wéi eng Roll spillt dobäi déi finanziell Entwécklung?

Feb 23, 202422 min

Ep 101Ze vill gréng oder net gréng genuch?

Déi Gréng schaffen aktuell hiert Waldebakel op. Dozou hunn si och hir Membere befrot. Wéi erklären si sech d’Kris? Wat wëll a muss d’Partei änneren? A wéi kann Oppositiounsaarbecht eng Chance sinn?

Feb 16, 202422 min

Ep 100Personalkarussell an de Ministèren

D’Regierung huet nei héich Beamten nominéiert a anerer kal gestallt. Wien sinn déi Leit? Firwat ass de System vun den héije Beamte problematesch? A wiere politesche Cabineten net déi besser Léisung?

Feb 9, 202417 min

Ep 99De falschen Debat iwwert d’Heeschen

Den Debat ëm d’Heescheverbuet dréit mëttlerweil ëm rechtsstaatlech Froen. Wéi kennt d’Regierung aus der kriddeleger Lag nees eraus? A wou steet si beim Kampf géint d’Aarmut, den si sech virgeholl hat?

Feb 2, 202418 min

Ep 98Dopping oder Placebo fir de Logement?

Wéi wäert sech d’Situatioun um Wunnengsmaart entwéckelen? Wéi wëll déi nei Regierung mam Minister Claude Meisch de Probleem ugoen? A wat sinn aner Stellschrauwen, un deene gedréit misst ginn?

Jan 26, 202419 min

Ep 97Kleng Parteien, grouss Erausfuerderungen

Wéi schwéier ass et fir kleng Parteien sech zu Lëtzebuerg z’etabléieren? Wéi eng Roll spillen dobäi d’Finanzen an de Walsystem? A wéi ofhängeg sinn Neigrënnunge vu bekannte Perséinlechkeeten?

Jan 19, 202419 min

Ep 96Schwaarz-blo Verbuetspolitik

D’Heescheverbuet an der Stad Lëtzebuerg suergt fir vill Diskussiounen. Wat fir Follgen huet et fir déi Betraffen an d’Police? A wat seet dës Mesure iwwer d'Ausriichtung vun der neier CSV-DP-Koalitioun aus?

Jan 12, 202419 min

Ep 95E neie Stil an och eng nei Politik?

Wéi presentéiert sech de Luc Frieden als Premier? Wéi äussert sech déi ugekënnegt nei Politik vun der CSV-DP-Regierung? A wéi vill Kontinuitéit zu Blo-Rout-Gréng ass ze erwaarden?

Jan 5, 202422 min

Ep 94E méi perséinleche Réckbléck

Wat sinn déi Storyen, déi de Journaliste vu Reporter.lu dëst Joer am meeschten an Erënnerung bliwwe sinn? Zu wéi engem Sujet hunn si e spezielle Bezuch? Wéi eng Recherche huet si besonnesch markéiert?

Dec 29, 202320 min

Ep 93Wéi geet et weider am Fall Cenaro?

Virun engem Joer huet Reporter.lu fir d’éischt iwwert d'Immobiliefirma Cenaro bericht. Wéi ass et säitdeem mat hire Projete virugaangen? Wou ass d’Enquête vun der Justiz drun? A wat kéint d’Politik maachen?

Dec 22, 202319 min

Ep 92Le grand défi de Gilles Roth

L’administration fiscale est en déroute, sa directrice Pascale Toussing sur le départ. Comment les problèmes multiples peuvent-ils être redressés? Quelle orientation défend le nouveau ministre des Finances?

Dec 15, 202321 min

Ep 91Bildungspolitik an der Ära Claude Meisch

De Claude Meisch ass zanter 10 Joer Bildungsminister. Wéi huet de liberale Politiker de Lëtzebuerger Schoulsystem gepräägt? An wéi eng Reforme wëll hien an den nächste 5 Joer nach ugoen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Dec 8, 202324 min

Ep 90Nei Koalitioun, nei Klimapolitik?

Dës Woch start zu Dubai déi 28. UN-Weltklimakonferenz. Wéi ass Lëtzebuerg a punkto Klimaschutz opgestallt? A wéi eng Agenda verfollegt déi nei Koalitioun aus CSV an DP an dësem kruziale Politikberäich? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Dec 1, 202325 min

Ep 89D’Philosophie vum Koalitiounsaccord

De Premier Luc Frieden huet de Programm vu senger Regierung virgestallt. Gëtt deen den Erausfuerderungen wéi der Logementskris gerecht? Passt déi wirtschaftsliberal Haltung zur ekonomescher Situatioun?

Nov 24, 202329 min

Ep 88Schwaarz-Blo an de Startlächer

Lëtzebuerg huet eng nei Regierung, hiren Accord ass ënnerschriwwen. Wat wëll déi nei Koalitioun aus CSV an DP? Wéi eng Politik kënnt op d’Land duer? A wéi ass hir Kommunikatioun bis elo anzeschätzen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Nov 17, 202323 min

Ep 87Déi hausgemaache Flüchtlingskris

D’Recht op Asyl zu Lëtzebuerg gouf ageschränkt, Flüchtlinge schlofen op der Strooss. Wier déi Situatioun ze verhënnere gewiescht? Wéi eng Responsabilitéit dréit den Ausseminister Jean Asselborn?

Nov 10, 202320 min

Ep 86Déi nei Oppositioun

Wéi séier kënnen LSAP an Déi Gréng an hir Oppositiounsroll fannen? Wéi wäert eng ADR mat Fraktiounsstäerkt d’Chamber veränneren? A wéi wäit ass d’Oppositioun gëeent oder gespléckt?

Nov 3, 202319 min

Ep 85Wat bremst eng Demokratie-Reform?

No Wale gëtt gären iwwert de Walsystem diskutéiert, Ännerungen kommen awer ni. Firwat verleeft deen Debat ëmmer nees am Sand? Wien blockéiert sou Reforme fir méi Demokratie? A wat si méiglech Pisten?

Oct 27, 202327 min

Ep 84Wat ass de Projet vun CSV an DP?

Ass d’Koalitioun vun CSV an DP en Zweckbündnis oder gëtt et e konservativ-liberale Projet? Wou sinn d’Schnëttmengen besonnesch grouss? A wéi wierkt sech déi schwiereg finanziell Situatioun vum Staat aus?

Oct 20, 202324 min

Ep 83Eng éischt Walanalys

Huet Lëtzebuerg ee Rietsruck erlieft? Wéi staark war d’Wiesselstëmmung am Land? Wéi ass de Waldesaster vun Déi Gréng ze erklären? An wéi eng perséinlech Resultater hunn iwwerrascht? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Oct 13, 202326 min