PLAY PODCASTS
On the Record - Reporter.lu

On the Record - Reporter.lu

219 episodes — Page 2 of 5

Ep 184Vum Sozialdialog zum politeschen Echec

No enger Sozialronn ouni Accord wëll d'Regierung elo hir Verantwortung iwwerhuelen. Wat bedeit dat fir de Sozialdialog? Wat fir d'Pensiounsreform? An hunn CSV an DP sech hei politesch clever ugeluecht? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Sep 5, 202532 min

Ep 183Wéi vill politesch Beamte braucht d'Land?

Wéi hir Virgänger huet och déi aktuell Regierung eng Rei politesch Beamten ernannt. Wien sinn déi nei Leit? Wat geschitt mat den ale Conseilleren? A firwat ass dës Lëtzebuerger Traditioun problematesch? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Aug 29, 202523 min

Ep 182Give peace a chance?

Den US-Präsident Donald Trump dreift d’Verhandlungen ëm ee Fridden an der Ukrain virun. Mee huet déi Initiativ wierklech Aussiicht op Erfolleg? An wéi eng Hindernisser gëtt et an de Gespréicher? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Aug 22, 202528 min

Ep 181Wéi steet Lëtzebuerg zum Gaza-Konflikt?

Hongersnout, Gewalt an Zerstéierung: D’Situatioun an der Gaza-Sträif ass an allen Hisiichten extrem. Wéi soll d’Lëtzebuerger Regierung mam Virgoe vun Israel ëmgoen? A wéi konkret eppes beweegen?

Aug 15, 202521 min

Ep 180D’Konscht vum Handelsdeal

Et ass een Deal nom Donald Trump sengem Goût: D’EU akzeptéiert eesäiteg Douanestaxen a wëll an den USA Milliarden investéieren. Wat bedeit dat fir d’Wirtschaft? A geet et net och ëm de Westen?

Aug 8, 202524 min

Ep 179Eng Cyberattack, déi alarméiert

D’Cyberattack géingt d’Post hat wäitreechend Konsequenzen. Wat seet dëse Virfall iwwer d’Resilienz vu Lëtzebuerg aus? Wat ass vum Krisemanagement ze halen? A wéi eng Conclusioune mussen elo gezu ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Aug 1, 202525 min

Ep 178E Gesiichtsverloscht fir de Premier?

D’Sozialronn mécht Summerpaus bis September. Wéi sinn déi Verhandlunge mat de Sozialpartner bis elo verlaf? Wéi eng Säit huet sech duerchgesat? A wéi eng Roll spillt d’Chamber an deem Ganzen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Jul 25, 202523 min

Ep 177Ass d’Caritas-Kommissioun gescheitert?

D’Spezialkommissioun „Caritas“ wollt d’Affär opschaffen. Gouf si deem Usproch gerecht? Wat ass haut iwwer de Krisemanagement vun der Regierung gewosst? An hätt d’Caritas net awer kënne gerett ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Jul 18, 202528 min

Ep 176Don’t call it Tripartite

An der Sozialronn gouf haart a bis an d’Nuecht ra verhandelt. Wat ass bis lo dobäi erauskomm a wéi steet et ëm de Sozialdialog? A wéi eng Roll spillt de feelende Konsens an der CSV-DP-Koalitioun? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Jul 11, 202519 min

Ep 175Manner Steieren, vill oppe Froen

De Gilles Roth huet seng Pläng fir eng Individualiséierung vum Steiersystem virgeluecht. Kann hien déi Reform esou ëmsetzen? Wéi soll se finanzéiert ginn? A gëtt se hirem gesellschaftspoliteschen Usproch gerecht? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Jul 4, 202526 min

Ep 174Méi Depensen, mee och méi Defense?

Zu Den Haag goufen dës Woch nei NATO-Ziler fir d'Memberlänner decidéiert. Mee wat heescht dat elo konkret? Wat bedeit dat fir Lëtzebuerg? A kéint Europa sech domat wierklech aleng verdeedegen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Jun 27, 202520 min

Ep 173Firwat SLAPP-Kloen d’Press menacéieren

Och zu Lëtzebuerg sinn ëmmer méi Journaliste mat Plainte konfrontéiert. Wat stécht hannert dësem Phänomen? Firwat ass et esou problematesch? A wisou ass hei nieft der Justiz och d’Politik gefuerdert? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Jun 20, 202526 min

Ep 172Diplomatie à la Xavier Bettel

D’Oppositioun kritiséiert de Xavier Bettel fir säin „Zickzackkurs“ bei der Palästina-Fro. Zu Recht? Wéi ass seng Aussepolitik generell ze beurteelen? Och mat Bléck op d’Konstellatioun mam Premier Luc Frieden? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Jun 13, 202528 min

Ep 171Sozialkonflikt amplaz Sozialdialog

De Staatsrot stäerkt de Gewerkschaften bei Sonndesaarbecht an Ouvertureszäiten de Réck. Muss d’Regierung elo zréckrudderen? An hätt si mat enger anerer Approche dee Konflikt kënne verhënneren? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Jun 6, 202530 min

Ep 170E Kaddo fir d'Oppositioun

Vu Pensiounsreform bis Sozialdialog, d'Regierung bitt der Oppositioun vill Ugrëffsfläch. Mee notzt si déi och? Ka si politescht Kapital doraus schloen? A wa jo, wéi eng Parteien méi wéi anerer? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

May 30, 202529 min

Ep 169Eng Pensiounsreform ouni Konsens

D’Regierung huet hir Pläng fir eng Pensiounsreform op den Dësch geluecht. Mee et bleiwe vill oppe Froen: Wat huet d’Koalitioun wierklech wëlles? Wien géing dës Reform besonnesch betreffen? A wat kann si bréngen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

May 23, 202531 min

Ep 168Villes versprach, munches geliwwert - an elo?

D’Defense an d’Pensiounen hunn d’Ried zur Lag vun der Natioun dominéiert. Wéi sinn dës Annonce vum Premier anzeschätzen? Wéi vill hunn CSV an DP erreecht a wat ass nach vun der Koalitioun z’erwaarden?

May 16, 202529 min

Ep 167Kanzler Merz, d‘AfD an eng nei ADR-Debatt

Däitschland huet eng nei Regierung. Wéi ass hire Programm anzeschätzen? Wéi wëll si den Opstig vun der rietsextremer AfD stoppen? An wéi eng Parallelle gëtt et zum Ëmgang mat der ADR zu Lëtzebuerg? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

May 9, 202540 min

Ep 166Wat mécht d'Regierung eigentlech?

CSV an DP wëlle laut hirem Programm „Lëtzebuerg fir d’Zukunft stäerken“. Wat huet d'Regierung bis elo ëmgesat? Wou muss si nach liwweren? An u wéi enge Reforme muss si sech moosse loossen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

May 2, 202531 min

Ep 165Et war eemol „de Westen“ ...

D’USA gesinn Europa net méi als historeschen Alliéierten an d’EU-Staate froen sech, wéi reagéieren. Wéi steet et ëm déi transatlantesch Relatiounen? Oder anescht gefrot: Gëtt et „de Westen“ iwwerhaapt nach? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Apr 25, 202528 min

Ep 164Muss och Lëtzebuerg elo oprüsten?

E russeschen Aggresseur an en onzouverlässege Partner USA: Europa muss sech militäresch nei opstellen. Wéi sinn déi aktuell Entwécklungen ze bewäerten? A wat ka Lëtzebuerg an deem Kontext maachen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Apr 18, 202517 min

Ep 163Sozial, liberal oder am Fong egal?

Enn Abrëll wäert d'Demokratesch Partei eng nei Spëtzt wielen. Wéi wäert sech dëse Wiessel auswierken? Wéi huet sech d'Partei an der Koalitioun mat der CSV verännert? A fir wat steet si nach politesch? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Apr 11, 202525 min

Ep 162En éischte Schrëtt eraus aus der Immobiliekris?

No schwierege Jore gëtt et nees méi Aktivitéit um Logementsmarché. Dat soen déi neisten Zuelen. Hunn d’Mesure vun der Regierung deemno gegraff? Oder ginn et aner Facteuren? An ass déi Relance vun Dauer? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Apr 4, 202522 min

Ep 161Wat huet d’Caritas-Kommissioun bis elo bruecht?

Säit ronn sechs Méint schafft eng Spezialkommissioun vun der Chamber d’Caritas-Affär op. Wat huet si bis elo erausfonnt? Wat war d’Roll vun den eenzelnen Acteuren? An erfëllt d’Kommissioun hir Aufgab? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Mar 28, 202525 min

Ep 160Covid, fënnef Joer duerno

Am Mäerz 2020 ass Lëtzebuerg an de Lockdown gaangen. Et war eng vu ville Mesure. Wéi ass d’Aarbecht vun der Regierung réckbléckend ze bewäerten? A wat fir Conclusioune sinn doraus ze zéien? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Mar 21, 202536 min

Ep 159Wéi kéint de Walsystem reforméiert ginn?

Een eenzege Walbezierk, méi Deputéiert an awer vläicht en Auslännerwalrecht: Doriwwer gëtt aktuell an der Chamber diskutéiert. Wat proposéieren déi eenzel Parteien? A wéi eng Iddien hunn eng realistesch Chance? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Mar 14, 202521 min

Ep 158Wat stécht hannert dem Crypto-Bedruch?

Och zu Lëtzebuerg gi Leit Affer vu sougenannte Callcenter-Scams a verléieren dobäi deels ganz vill Suen. Wéi genau funktionéiert dës Form vu Bedruch? Wien stécht dohannert? A wéi kann een sech schützen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Mar 7, 202526 min

Ep 157Eng nei Ära an der Weltpolitik

Säit dem Comeback vum Donald Trump ginn déi transatlantesch Relatioune méi wéi jee a Fro gestallt. Wat bedeit dat fir Europa? A wéi realistesch ass eng eegestänneg Aussen- a Sécherheetspolitik vun der EU? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Feb 28, 202526 min

Ep 156Eng Schicksalswal fir Däitschland?

No engem hëtzege Walkampf wielt Däitschland en neie Bundestag. Wéi eng Themen hunn dominéiert? Wéi eng Koalitiounen si méiglech? A wat kéint eng nei Regierung fir Lëtzebuerg an Europa bedeiten? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Feb 21, 202523 min

Ep 155Ee Like, deen déif blécke léisst

Den ADR-Deputéierten Tom Weidig huet mat sengem Verhalen op Facebook alt nees fir Opreegung gesuergt. Déi aner Parteien hunn dat schaarf verurteelt. Mee geet dat duer? Oder missten et méi Konsequenze ginn? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Feb 14, 202518 min

Ep 154Eng nei Flüchtlingspolitik?

Feb 7, 202523 min

Ep 153Gutt, datt mir driwwer geschwat hunn?

Sollen LGBTQ+-Sujeten an der Schoul behandelt ginn? Dat war dës Woch Thema an der Chamber. Wat ass vum Debat zréckzebehalen? An wat seet en iwwer déi politesch Polariséierung zu Lëtzebuerg aus? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Jan 31, 202522 min

Ep 152An elo, en français s'il vous plaît

An Zukunft soll d'Alphabetiséierung an der Grondschoul och op Franséisch méiglech sinn. Firwat ass dës Reform wichteg? Wat sinn d'Contraintë bei der Ëmsetzung? A wéi ass d'Approche vum Minister ze bewäerten? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Jan 24, 202523 min

Ep 151Alles elektresch oder wat?

Bis 2030 sollen 49 Prozent vun de Gefierer zu Lëtzebuerg Elektroautoe sinn. Ass dat Zil bei der aktueller Entwécklung ze erreechen? Wat sinn d'Contrainten? An huet d'Politik déi néideg Mesurë getraff? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Jan 17, 202522 min

Ep 150Wéi eng EU-Politik wëll de Luc Frieden?

An der Regierung schéngt och d'Europapolitik Chefsaach ze sinn. Wou huet de Premier Luc Frieden bis elo Akzenter gesat? A wéi ass säi Verhältnis mam Ausseminister Xavier Bettel ze bewäerten? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Jan 10, 202521 min

Ep 149Wat erwaart eis 2025?

De Comeback vum Donald Trump, Walen an Däitschland an eng onsécher Wirtschaftslag wäerten déi éischt Méint vum neie Joer prägen. Wat bedeit dat fir d’Weltpolitik? Wat steet fir Lëtzebuerg um Spill? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Jan 3, 202534 min

Ep 148Wat eis Redaktioun 2024 beweegt huet

Dec 27, 202427 min

Ep 147D’Hannergrënn vum Caritas-Skandal

D’Caritas-Affär huet d’Aktualitéit vun de leschte Méint bestëmmt. Wou ass d’Enquête drun? Wat si Spekulatiounen, wat ass tatsächlech gewosst? A wéi eng Roll spille Journaliste beim Opschaffe vum Skandal?

Dec 20, 202438 min

Ep 146Méi Kafkraaft, mee geet dat duer?

D’Stäerkung vun der Kafkraaft ass dee politische Sujet, deen sech d’Regierung op de Fändel geschriwwen huet. Mee geet den Entlaaschtungspak duer? Oder brauch et strukturell Reformen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Dec 13, 202419 min

Ep 145Gëtt d’Nordstad jeemols Realitéit?

De Bettenduerfer Gemengerot huet sech aus de Verhandlungen zur Nordstad-Fusioun zréckgezunn. D’Bierger wëllen elo e Referendum. Bréngt dat de ganze Prozess un d’Stocken? Oder ka grad elo eng nei Dynamik entstoen?

Dec 6, 202418 min

Ep 144D’Aussepolitik vum Xavier Bettel

De Xavier Bettel ass mëttlerweil säit engem Joer Ausseminister. Wéi huet sech d’Aussepolitik mat him verännert? Wéi agéiert hien a geopolitesch brisanten Dossieren? A wéi an der Entwécklungshëllef?

Nov 29, 202421 min

Ep 143Wat mécht Schwaarz-Blo anescht?

D’Koalitioun tëscht CSV an DP ass mëttlerweil säit engem Joer am Amt. A wéi enge Beräicher ass eng nei Handschrëft ze erkennen? A wou gëtt et eng Kontinuitéit zur viregter Regierung?

Nov 22, 202425 min

Ep 142Wéi geet et weider mam Staatsrot?

Den LSAP-Kandidat Max Leners ass net zum Member vum Staatsrot gewielt ginn. Wat sinn d’Hannergrënn vun dësem Vote? A wat bedeit dat fir de Fonctionnement vum Staatsrot?

Nov 15, 202423 min

Ep 141E Comeback mat ville Konsequenzen

D’USA hu gewielt an den Donald Trump gëtt nees President. Wéi ass seng däitlech Victoire ze erklären? Wat bedeit eng zweet Amtszäit vum Republikaner fir Amerika. A wat fir de Rescht vun der Welt?

Nov 8, 202425 min

Ep 140Wéi steet d’Regierung zum Sozialdialog?

Ob Aarbechtsrecht oder Pensiounsreform: D’Regierung zitt d’Roserei vun de Gewerkschaften op sech. Stécht do eng Strategie dohannert? An ass dat eng effikass Manéier fir Reformen ëmzesetzen? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Nov 1, 202425 min

Ep 139Wat bei den US-Walen um Spill steet

Donald Trump oder Kamala Harris? Wéi ass d’Ausgangslag virun de Presidentschaftswalen an den USA? Wéi stabil ass d’US-Demokratie? A wat kéint d’Resultat fir Europa an déi ganz Welt bedeiten. Doriwwer schwätzt de Chefredakteur vu Reporter.lu, Christoph Bumb, mam Journalist Philip Crowther.

Oct 25, 202441 min

Ep 138Vu Fakten, Floskelen a falsche Verspriechen

Mam Budget 2025 setzt de Gilles Roth „Kurs op muer. Ee Muer fir jiddereen“. Wéi steet et ëm d’Staatsfinanzen? Wéi realistesch sinn d’Prognose vun der Regierung? A geet si déi reell Problemer un? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Oct 18, 202423 min

Ep 137Wéi geet et an der Caritas-Affär weider?

D’Organisatioun „Hëllef um Terrain“ huet vill Aktivitéite vun der Caritas iwwerholl. An awer bleiwen an der Affär eng Rei fundamental Froen oppen, net zulescht déi vun der Responsabilitéit. Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Oct 11, 202423 min

Ep 136Wéini kënnt den Tram un?

Den Tram-Reseau an der Haaptstad gëtt massiv ausgebaut. An den Zäitplang dofir ass zimmlech optimistesch. Kann dee Plang opgoen? Wo riskéiert een, Problemer ze kréien? A wéi packt d’Stad déi vill Chantieren?

Oct 4, 202420 min

Ep 135Wéi Reporter.lu mat Plainten ëmgeet

Eng kritesch an investigativ Press riskéiert och zu Lëtzebuerg ëfters verklot ze ginn. Dat ass op mannst déi rezent Erfarung vu Reporter.lu. Wat stécht hannert esou Plainten? Wéi geet eng Redaktioun domat ëm? Dorëms geet et an der neister Episod vum Podcast „On the Record“.

Sep 27, 202419 min