
Buvette - De Fussballpodcast
213 episodes — Page 5 of 5

Ep 13#12 Roy Keane mat Sleeve
Dës Episod ass gepräägt vun de professionelle Ligen well de Ball soss néierens gerullt ass, a Schold do drun ass ausnamsweis mol rëm dee faméise Virus. Mee wien lo mengt den Dylan, Gilles a Ben hätten näischt ze schwätzen ass genau sou naiv wéi een dee mengt den Ibrahimovic oder de Ronaldo géife vum Virus geschwächt ginn. Kommt mol an de Match...! An England war Topmatch. An et goufen mol Zäiten an deenen sech de Viera an de Keane bei Arsenal-Manu geboxt hunn an et em d' Meeschterschaft gaangen ass. Lang, lang ists her.

Ep 14#11 Alles a Quarantän
D' Technik kann dech am Stach loossen, mee déi Gewëssheet dass de Lewandowski trefft ni. Deen Mann huet et einfach drop...Wéi gewinnt, hunn de Gilles, den Dylan an de Ben ee Schlussstréch ënnert de Fussball-Weekend gezunn. Blo-Wäiss war definitiv keen Tromp, Hertha Berlin a Schalke enttäuschen einfach nëmmen a mir froen eis op wéini déi zwee Veräiner rëm richteg Spaass machen. Zum Gléck ass d' Gekicks op der Insel sou spannend! An joooooooo... Leicester City war keen direkten Opsteiger. Den Ben an den Dylan entschëllegen sech an aller Form dofir! Mee beim Jamie Vardy kann ee scho mol bësse geckeg gi. An villäicht geet et iech jo och sou, mee de Classico a Spuenien ass net méi dat wat et eng Kéier war.

Ep 12#10 Muertentrëppeler
Nations League, Dammefussball, Coupe de Luxembourg, Bundesliga, Premier League, Serie A, Eredivisie a quasi all eenzelen Nationalspiller. Déi dräi aus der Buvette hunn an dëser Episod quasi näischt ausgelooss. D'Fussballgötter, Zlatan Ibrahimovic, Gerson Rodriguez a Mario Götze hunn de Weekend de Ball an de Filet gejot. An England gi méi Goler geschoss wéi bei The Voice of Germany gebuzzert gëtt. Just d' Bundesliga hat eis näischt ze bidden. Bravo un Schalke fir den éischten Punkt, mee soss war et sou langweileg wéi een Discobesuch an Corona-Zäiten.

Ep 11#9 Nations League - Schampes League
Déi gutt Noriicht ass, weder den Dylan, nach de Gilles, nach de Ben hunn de Weekend hire Match verluer. Op der anerer Säit stoungen all d' Ligen stall.... Well et war un der Nations League! Eis jonk Léiwen hunn de Match géint Zypern gewonnen a fléien lo op Montenegro. Ee Genoss ass et, deenen nozekucken. Aner grouss Natioune maachen do net sou vill Spaass. Dann huet den Deadline Day eis Fussballshäerzer méi héich schloen gelooss. Vun Choupo-Moting bis op Götze waren mir begeeschtert. Ausserdeem schafft den Jeff Saibene un sengem Legendenstatus um Betzenberg.

Ep 10#8 Waassermeloune-Sonndeg
4 Mol Lewandowski an déi 8. Buvette Episod. Wéi gewinnt hunn de Gilles, Dylan a Ben op hire Weekend gekuckt. Mee ganz éierlech, do ginn et méi intressant Themen. Wéi zum Beispill eist Liblingsthema, de FC Schalke 0:4. Déi hunn eis et nämlech extrem einfach gemaach dëse Weekend ee Sproch ze bréngen. D'Dortmunder U19 gewënnt och, soudass eise Gilles gutt konnt schlofen a ganz liicht ëmmer nach op d'Meeschterschaft hofft. Ausserdeem sinn op der Insel Goler iwwer Goler gefall. 6:1, 7:2...do war méi lass, wéi zu Berbuerg um Penalty Cup. Op eis Lëtzebuerger Nationalspiller hu mer och kuerz gekuckt. Den zweetjéngsten Thill ka sech schéin a Portugal weisen, wärend de Laurent Jans bei deene blanne Metzer just op der Bänk versauert....ee risegen Hohn soe mir just.

Ep 9#7 Ciao David
D'Drama op Gelsenkirchen léisst de Gilles an de Ben op mannst hier perséinlech Matcher vergiessen. An der Haaptroll een däitsch/amerikaneschen Trainer, dee seng Saache schlussendlech konnt packen. Lo geet et Bierg op fir déi Kinneksblo... Den Dylan huet zumindest eng Iddi fir d Zukunft. D'Blécker sinn awer och an England a Spuenien gewandert. Zu Madrid gëtt nämlech lo an Persoun vum Costa a Suarez gebass a geschloen. An dat erfollegräich.

Ep 8#6 Endlech erëm 15h30
Endlech....Samschdes 15h30, Bundesliga Konferenz. D'Liewe vun deenen dräi Buvette-Experte mécht erëm Sënn. Et war ee richteg haarde Weekend fir all Schalker an awer huet sech de Gilles déi Méiglechkeet net entgoe gelooss fir de Fanger an d’Wonn ze leen. Ausserdeem, en ongeschloent Duo zu Lëtzebuerg, interessant Matcher an England a Covid-Fäll a Portugal hunn de Ben, Gilles an Dylan och nach ënnert d'Lupp geholl.

Ep 7#5 Kaartefestival zu Paräis
An dëser Episod sinn den Dylan, Gilles an de Ben vun engem Land an dat anert gespronge. Bei PSG-Marseille gouf et méi Kaarte wéi bei enger Party Uno. Do stoungen Onsportlechkeeten fest um Programm. An Däitschland huet sech deen Haaptstad-Club missen aus dem DFB-Pokal verabschiden an ka sech voll op d'Bundesliga konzentréieren.... HA HO HE... Ausserdeem, mécht de Sanel Ibrahimovic sengem Ruff als Buteur an der BGL-Ligue all Éier, wouriwwer sécher och säin Namensvetter frou wier.

Ep 5#4 Buli Prognosen 20/21
Déi dräi aus der Buvette, den Dylan, Gilles a Ben knéie sech déif an d'Bundesliga a ginn hier Prognosen of. Fir den Dylan an de Ben steet de souveräne Meeschter fest. Woubäi de Gilles hoffnungsvoll op seng schwaarz/giel Beien hofft. (Stand Ufank September) MEE.... Opgepasst! Den Transfertmaart schléift ni! Wann dir eis lauschtert ass bestëmmt scho rëm vill passéiert.

Ep 4#3 Stuttgart oder Miami?
Dee beschte Lénksfouss eiser Zäit steet kuerz virun engem Wiessel, den Holger Badstuber kickt just nach an der zweeter Equipe vu Stuttgart a well beweisen, datt e méi kann. Aaaaah jo.... dann ass do nach ee gewëssene Lionel Messi, deen och net méi a sengem blo-rouden Trikot spille wëll. Am Lëtzebuerger Ländche rullt de Ball lo och endlech an allen Divisioune, soudass de Ben, den Dylan an den Immer mol gekuckt hunn, wien eventuell op- an ofsteigt a firwat dee Stadion zu Stroossen ausverkaaft war.

Ep 3#2 Felicitatioun FC Souverainistan
Eng turbulent Champions League Saison geet op en Enn. Mam FC Bayern alias FC Souverainistan als verdéngten Gewënner. Den Niklas Süle an all Bayern Fan feiert hoffentlech nach ëmmer deen Triple! Trotzdeem vergiesse mir déi kleng Equipe och net. An der BGL Ligue rullt de Ball och erëm an och den Kevin Grosskreutz huet et alt nees an des Episode gepackt.

Ep 2Buvette mat Schoss - Stadien a Fans
De Buvetten-Trio Dylan, Gilles a Ben schwätzen iwwert Stadien, Präisser a Fans am In- an Ausland. Den Dylan verréit iech op wéi enger Ersatzbänk hie scho geléiert huet. Wärend de Ben an de Gilles vun hiren Ausflich op Sevilla a Mailand erzielen. Anscheinend ginn et tëscht der Buvette am San Siro an där zu Éihnen Parallelen.

Ep 1#1 "Et ass kee Frëndschaftsmatch"
An der éischter Episod geet et virun allem ëm d'Champions League, soss gouf et jo näischt de Weekend oder?! Woubäi... Mir mussen iwwert den 8:2 vu Bayern géint Barfuß Betlehem schwätzen, d'Lëtzebuerger Veräiner spille geschwënn hier Quali-Matcher an den Optakt an der BGL Ligue gouf ofgesot - ausnamsweis wéinst dem Corona Virus.