PLAY PODCASTS
Buvette - De Fussballpodcast

Buvette - De Fussballpodcast

213 episodes — Page 2 of 5

Ep 165Episod 160 - Nix Ëmschwong

No enger Woch onfräiwëlleger Paus, mellen sech de Gilles an de Ben aus der Buvette zeréck. Um Programm stinn natierlech eis Rout Léiwen. Wéi geet d'Nations-League op een Enn, dat ass déi Fro, déi sech all Mënsch grad stellt. Ausserdeem hunn si nach eng Kéier op d'Coupe zeréck gebléckt an e puer weider Specials, héiers du wann s du eralauschteren.

Oct 16, 202436 min

Ep 164Episod 159 - Flutlicht op der Grenz

An dëser Episod diskutéieren de Ben an de Gilles déi spannendste Momenter aus der BGL-Ligue, analyséieren d’Relegatiounschancë vun den Equippen an der Éierepromotioun a geheien e Bléck op déi rezentst Leeschtungen an Entwécklunge beim lëtzebuergesche Fraefussball. Mat interessante Statistiken an e puer Insider-Tipps suergen si fir déi gemittlech Stëmmung aus der Buvette.

Oct 2, 202432 min

Ep 163Episod 158 - Sensatioun

00000208 00000208 00004242 00004242 000CB458 000CB458 00007E86 00007E86 000407D6 000407D6

Sep 25, 202428 min

Ep 162Episod 157 - Hinten kackt die Ente

De Ben an den Dylan huelen de ganze Lëtzebuerger Fussball am Detail auserneen: Goler, Chancen, Giel Kaarten a souguer eng interessant Karte-Statistik. Da schwätzen si nach driwwer, dass een am Fussball ëmmer bis zum Schluss spille sollt a kucken op den Ufank vun der neier Champions-League-Saison.

Sep 18, 202431 min

Ep 161Episod 156 - D'Roud Léiwen

Lännermatchpaus heescht zwar keng BGL Ligue, keng Bundesliga a Co., mee Lännermatchpaus heescht och Zäit fir d'Roud Léiwen. De Ben, de Gilles an den Dylan kucken wéi et aktuell em d´Roud Léiwen steet, schwätzen iwwert den UNK an der Éierenpromotioun a maachen an dëser Folg souguer e Schwenker riwwer bei d'Paralympics.

Sep 11, 202433 min

Ep 160Episod 155: Hunnegdrëpp

BGL Ligue, Éierepromotioun, 1.Divisiounen an d'Lëtzebuerger am Ausland. De Ben, de Gilles an den Dylan hunn erëm alles analyséierta beschwätze bei weem et leeft, bei weem et eventuell grad net esou leeft, wou d'Goler geschoss ginn a wou een eventuell nach e Goalkipp gebraucht hätt. All dat a nach vill méi an dëser Folleg Buvette.

Sep 4, 202431 min

Ep 159Episod 154 - Fouersonndig

Am ganze Land leeft erëm de Fussball an d'Buvette ass rëm zu dräi. An dëser Episod bleiwen de Ben, den Dylan an de Gilles rëm nëmmen am Lëtzebuerger Land a kucken sech u wat an der BGL Ligue, der Ehrenpromotioun an an deenen anere Ligen de leschte Weekend lass war.

Aug 28, 202432 min

Ep 158Episod 153 - Sauere Gurken

An dëser Episod ass de Ben eleng mam Dylan a si beschwätze wéi ëmmer dat Wichtegst aus dem Lëtzebuerger Fussball. Wat war an der BGL Ligue lass, wat ass an der Ehrenpromotion geschitt a firwat lount sech e Match an der éischter Divisioun besonnesch?

Aug 22, 202428 min

Ep 157Episod 152 - Den Hummer vum Summer

D'Buvette ass rëm zeréck an et gëtt alles op lénks gedréit! Keng Bundesliga méi, keng Premier League méi, näischt Internationales méi. Nëmmen nach déi interessant Saachen an zwar de Fussball aus Lëtzebuerg. De Ben de Gilles an den Dylan hunn sech Gedanke gemaach a plapperen an dëser Episod iwwer Aktuelles aus der BGL Ligue, e Sensatiounstrikot a maachen sech prett fir de Start vun deenen aneren Ligen.

Aug 14, 202432 min

Ep 156Episod 151 - Vakanz

Et assdéi allerlescht Buvette fir dës Saison, an där op d'Tabellen an d'Barragematcher vum Lëtzebuerger Fussball,sou wéi d'Final vum DFB Pokal gekuckt gëtt. Net ze vergiessen, stinn iwwert de Summer awer nach ganz wichteg Tournoien um Programm. Wéi eng genau, gëtt et an dëser Episod ze héieren.

May 30, 202432 min

Ep 155Episod 150 - Kroni Toos

Et ass déi lescht Buvette fir dës Saison an d'Buvette kuckt op eng jett Abschider. Den Dylan, de Kroos, de Kloppo, de Streich a vill weider Typpe verloossen d'Fussballsbün. De Sinani huet St.Pauli an d'Bundesliga geschoss, de Barreiro wiesselt op Benfica an de Lëtzebuerger Fussball huet fir e Skandal gesuergt. Dat a nach villes mei an dëser Episod Buvette.

May 23, 202437 min

Ep 154Episod 149 - Entscheedungen

An der Fussballwelt kënnt et esou lues zu Entscheedungen. Kaiserslautern huet d'Klass gehal, Kiel a Pauli sinn opgestigen, Déifferdeng ass Champion, Nidderkuer ass Coupegewënner an an an… Natierlech gëtt dann och an den Ekippen deementspriechend gefeiert a wansinneg Interviewe gehalen. Alles am Detail an dëser Episod Buvette.

May 15, 202430 min

Ep 153Episod 148 - De Baumgart a säin Noper

De Ben an den Dylan hunn sech dës Kéier nees d'Méi gemaach an hunn all déi wichtegst Saachen aus der Fussballswelt fir dech opgegraff. Rouspert suergt dofir, dass et keng Meeschterschaftsfeier fir Déifferdeng gouf, den Jamie Carragher huet gelieft wéi een aus der Buvette, De Kroos spillt weiderhin Zockerpassen, de Max Kruse gesäit aus wéi de schlechten Ailton an de Baumgart hat Streit matt sengem Noper.

May 8, 202437 min

Ep 152Episod 147 - Es ist mir scheißegal

De Fussball fiddert eis rëm mat genuch Themen. Am Lëtzebuerger Fussball sti Beetebuerg a Sandweiler schonn als Opsteiger fest, zu Rouspert kommen d'Wierm aus dem Terrain an d'11Freunde schreift schéi Berichter iwwert eist Land. An der Bundesliga huet de Wurst-Uli géint den Tuchel gesténkert a Leverkusen schéisst rëm an der Nospillzäit den Ausgläich a verléiert rëm net. Themen iwwer Themen iwwer Themen nëmme fir dech an der neier Episod Buvette.

Apr 30, 202431 min

Ep 151Episod 146 - Héngerhaut

An dëser Episod Buvette kucke ma rëm ganz detailléiert wat an der Fussballwelt lass war. D'Buvette um Dribbel gëtt vum Ben an den Himmel gelueft, den Dylan huet rëm ander Kreisliga gekickt an de Gilles huet missen erliewen, wéi Leverkusen an der 97.Minutt alt rëm net verléiert. Da kucke ma nach op d'Champions League,schwätzen iwwer dem Lücke seng Héngerhaut a froen eis firwat et an der spuenescher Liga nach keng Torlinientechnik gëtt.

Apr 23, 202432 min

Ep 150Episod 145 - Kartoffel-Flo

Wat fir eng Woch. Den Dylan huet rëm an der Kreisliga gekickt, de Ben huet mat Rouspert de Klassenerhalt gefeiert, an der Champions League sinn esou vill Goler gefall, wéi säit laangem net méi an an der Bundesliga ass Leverkuse Meeschter ginn. Mir schwätzen och nach iwwer dem Ben seng grouss Chance am Match an dem Flo Wirtz seng Kartoffelskala.

Apr 16, 202430 min

Ep 149Episod 144 - Die wilden Kerle

Et ass geschitt. Den Dylan ka mat Kaiserslautern op Berlin fueren. Lautern steet an der Final, Diddeleng spillt mat Trikote vun die Wilden Kerle, Lissabon ass aktuell gréng, Rouspert huet 3:0 gewonn, d'Lëtzebuerger Dammen si souverän an d'Quali gestart an an an… Alles dat a villes méi an dëser Episod.

Apr 9, 202437 min

Ep 148Episod 143 - Ey du Zimtschnecke!

Et ass eng Woch an där et ëm villes geet. Packt Lautern de Wee op Berlin? Fënnt de Match iwwerhaapt statt oder ass zu Saarbrécken rëm Land unter? Alles Froen, déi an dëser Episod Buvette nees ënnert d'Lupp geholl a vum Gilles och op der Plaz analyséiert goufen. Da kucke ma nach op de leschte Spilldag an der BGL Ligue, kucken eis de Spëtzematch an der 2.Divisioun un an erweisen dem Mats Hummels eise gréisste Respekt.

Apr 2, 202432 min

Ep 147Episod 142 - Euphorie

Kuerz a knackeg. D'Lëtzebuerger Ekipp huet et leider net gepackt fir géint Georgien ze gewannen an trotzdeem hunnse et gepackt fir vill Begeeschterung an Euphorie am Land ze suergen. De Ben an den Dylan hunn sech de Match, d'Stëmmung an d'Fans am Land ugekuckt.

Mar 27, 202427 min

Ep 146Episod 141 - TEAMROUDELÉIW

An dëser Episod dréint sech alles ëm eis Rout Léiwen. Dat ganzt Land fiebert op de Match en Donneschden hin an sou och mir. Mir hunn d'Ekipp ënnert d'Lupp geholl an natierlech och d'Buvetten aus dem Land, déi fir de Match e Public Viewing organiséieren. Allez Rout Léiwen!

Mar 20, 202434 min

Ep 145Episod 140 - Leeschtungsdrock

D'Buvette ass rëm zu 3! De Gilles ass rëm do a schwätzt mam Ben a mam Dylan iwwert de leschte Spilldag vun der BGL Ligue, d'Bundesliga an d'Premier League. Wien ass de Momement "déi" Equipe an der BGL Ligue, wat hat Rouspert fir e Spillplang géint Nidderkuer, wéi geet den Dylan mat Leeschtungsdrock ëm, an an an. Alles an der neier Folg Buvette.

Mar 12, 202435 min

Ep 144Episod 139 - Extase

D'Buvette ass nees fir dech do an huet déi komplett BGL Ligue ënnert d'Lupp geholl. Wat war zu Rouspert lass? Firwat ass op der Fola Extase gewiescht? Wéi kënnen 9 Goler zu Wolz falen? An, an,an... Natierlech hu mir och gekuckt, wat an den ënneschte Ligue lass ass, wou de Ben d'nächst Saison gären en Auswäertsmatch huet a wéi verschidde Spiller de Wee an d'BGL Ligue packen.

Mar 5, 202428 min

Ep 143Episod 138 - Public Viewing

D'Buvette ass och dës Woch nees fir iech do. Firwat muss de Ben eigentlech eng Këscht Béier mat op den Training bréngen? Wat ass zu Darmstadt mam Torsten Lieberknescht geschitt? Wat hält d'Buvette vum Toni Kroos? A firwat muss am Fong all Duerf e Public Viewing fir d'Lëtzebuerg-Matcher organiséieren?

Feb 27, 202429 min

Ep 142Episod 137 - Dem Lena seng al Kamellen

Um Racing gëtt protestéiert an d'Buvette kläert op firwat. Da schwätze mir nach iwwert de Match Rouspert géint Hesper, kucken eis d'Tabell un an huelen eis Tipps vum Ben. Ënnert anerem kucke mir weider op d'Protester an der Bundesliga an hu weider Iddie fir de Protest ze ëmgoen.

Feb 20, 202433 min

Ep 141Episod 136 - Masterplang

Och wa Rosenmontag ass, gëtt an der Buvette geschafft. Wat konnt de Ben mat der Victoria räissen? Gewënnt Königsdorf e Mëttwoch an der Coupe? Wéi eng Koppel brauch d'Bundesliga a wéi gutt ass wannechgelift Bayer Leverkusen? Déi 3 aus der Buvette hunn op alles eng Äntwert.

Feb 13, 202434 min

Ep 140Episod 135 - Wenn das Leben dir Zitronen gibt…

Wéi huet de Rousperter Terrain de Weekend ausgesinn? Wat gouf et fir e wansinnege Wiessel an der BGL Ligue? Wéi geheien d'Fans an der Bundesliga d'Tennisbäll esou wäit? Firwat muss den Aytekin un Zitroune lecken? An, an, an… De Ben an den Dylan hunn sech alt rëm mat deene wichtegen Themen am Fussball zesummegesat.

Feb 6, 202433 min

Ep 139Episod 134 - Freibier Peter

An alt rëm huet d'Fussballwoch genuch Theme fir d'Buvette geliwwert! Kritt de Jürgen Klopp eng Statu zu Liverpool? Kréien d'Frankfurter Fans nach eng leschte Kéier eng Ronn Fräibéier spendéiert? Kann den Dylan am Feld trainéieren? Wéi kenne 4 Arbitter an 3 Fändel um Terrain stoen? D'Buvette huet natierlech rëm all d'Äntwerten.

Jan 30, 202429 min

Ep 138Episod 133 - 20 Joer méi jonk

D'Buvette ass aus der Wanterpaus erëm an huet Energie getankt fir déi wichteg Froen am Liewen ze beäntweren. Wat war an der Wanterpaus lass? Firwat gesäit de Baumgart esou jonk aus? Wat mécht de Luke Littler a senger Fräizäit? Wéi gesäit de Rousperter Terrain aus? An an an... Wëllkomm zeréck an der Buvette.

Jan 23, 202429 min

Ep 137Episod 132 - Geschmacksprobe an der Buvette

An der leschter Episod Buvette fir dëst Joer ass net nëmmen de Fussball Gespréichsthema, mee och d'Gedrénks vu verschidde Veräiner. Natierlech gëtt de Rousperter Match ënnert d'Lupp geholl a sech gefrot: Firwat ass de Match iwwerhaapt ugepaff gi. Da kucke mir nach op d'Auslousung vum DFB-Pokal, froen eis firwat de Niki Süle jubelt wéi de Luca Toni a wënschen iech natierlech all schéi Feierdeeg!

Dec 13, 202333 min

Ep 136Episod 131 - Heuer Fernandes, Piplica oder Kramer

Wéi ëmmer ass rëm vill lass an der Fussballwelt. D'EM gouf ausgeloust a Lëtzebuerg spillt, falls et souwäit kënnt, alt nees rëm géint Portugal. An der BGL Ligue gëtt et och sou munches ze beschwätzen an an Däitschland gouf den Eegegol vun der Saison geschoss. D'Fro ass lo awer wie wier ee léiwer?

Dec 5, 202332 min

Ep 135Episod 130 - Peffer an de Strëmp

Wéi kënnt een drop Peffer an d'Strëmp ze maachen? Wat ass mam Rousperter Terrain lass? Wéi e Meilesteen huet de Petr Čech erreecht? A nach vill aner Froen. Buvette 130. De Ben, den Dylan an de Gilles sinn dësen an nach weider Froen op de Grond gaangen.

Nov 28, 202333 min

Ep 134Episod 129 - Neururer fir Lëtzebuerg

Froen iwwer Froen déi de Ben, de Gilles an den Dylan probéieren ze beäntweren. Bleift de Lux Holtz Nationaltrainer? Wéi gäil ass et, dass Lëtzebuerg esou vill Fans huet déi ëmmer matreesen? Deet een Händschen ouni en Thermo un? Tapezéiert een e Gästeblock? Mécht een am Stadion no enger Meeschterschaft vum Géigner einfach d'Luuchten aus? D'Buvette weess et.

Nov 22, 202332 min

Ep 132Episod 128 - Den Harry mat de GEOX

An dëser Episod gëtt et rëm genuch zu beschwätzen. Rouspert konnt leider nëmme 45 Minutte Fussball spille, mee dat liwwert der Buvette natierlech genuch Gespréichsstoff. Firwat setzt de Ben ëmmer nach am Donkelen? Wat ass zu Mondorf geschitt a wéi eng Folge bréngt dat mat sech? Wat ass an der Bundesliga geschitt a wéini spillt den Harry Kane endlech mat GEOX? All dat ginn de Gilles, de Ben an den Dylan nees op de Grond.

Nov 14, 202330 min

Ep 131Episod 127 Arjen Robben vu Wish

Et war rëm vill lass am Fussball. Wéi geet et mam Tuchel a Sky weider ? Wat ass bei Rouspert géint den UNK geschitt? Wéi huet den Dylan de Match géint de Mike Wunderlich erlieft? Wéi kritt den Urs Fischer trotz 12 Nidderlagen d'Leit op seng Säit? Genau déi a nach wieder Froe beschwätzen de Ben an den Dylan an der neier Episod Buvette.

Nov 8, 202334 min

Ep 130Episod 126 - Net gepickt, mee gestochert

Eng nei Woch an eng nei Episod Buvette. De Fussball schléift ni! An dowéinst hunn sech de Ben an den Dylan rëm sämtlech Froe gestallt. Wat war deemools zu Péiteng lass, wou et onfaassbar vill gereent huet, firwat ass den Thorsten Mattuschka esou e sympathesche Moderator a wisou gëtt aktuell zu Saarbrécken gestochert a net gepickt?

Oct 31, 202335 min

Ep 129Episod 125 - Don't drink and drive

Et gëtt eppes ze feieren an der Buvette! Net nëmmen déi 125. Episod mee ochnach aner bestëmmte Saachen. De Fussball soll natierlech och rëm net ze kuerzkommen. Dowéinst ginn sech an dëser Episod ënnert anerem Froe gestallt, wat under Monnerecher Buvette esou gutt ass, wat de Gilles fir e Gedeessems huet derichtegen BVB-Trikot ze kréien a wat et an e puer Méint mat de Spiller vuSchalke geschitt.

Oct 24, 202333 min

Ep 128Episod 124 - Euphorie

En Thema iwwert dat dat ganzt Land geschwat huet. Eis Nationalekipp. An dëser Episod vun der Buvette huelen de Ben an den Dylan d'Matcher géint Island a Slowakei ënner d'Lupp a schwätzen iwwert Zockerflanken vum Laurent Jans, iwwert eng super Stëmmung am Stadion an iwwert eng gesamte Fussball-Euphorie am ganze Land.

Oct 18, 202330 min

Ep 127Episod 123 - Den Eden beim Henssler

123 Episode Buvette... Ufangs si mir nach zu zwee mee de Gilles gëtt och nach an dëser Episod agewiesselt. Mir schwätzen iwwert dem Ben seng Victoria Rosport, dem Dylan seng Königsdorfer a vill weider interessant Themen. Wat mécht den Eden Hazard elo no senger Karriär? Wat huet de Giroud net gepackt a firwat leeft et beim Ben a beim Dylan grad sou gutt, dass se rëm en 9 Punkte Weekend erliewen?

Oct 11, 202334 min

Ep 126Episod 122 - Fehlendes Commitment

Et war e laange Weekend fir déi dräi aus der Buvette. Den Dylan huet e fräie Sonndeg genoss a spillt en Dënschdeg eng éischt Coupe-Finall, de Ben huet mat Rouspert an der Coupe de Luxembourg fir eng Iwwerraschung gesuergt an de Gilles konnt sech alles a Rou ukucken. Iwwer d'Bundesliga gëtt dës Kéier natierlech och rëm geschwat an zemools iwwer dem Max Eberl säi feelend Commitment.

Oct 3, 202333 min

Ep 125Episod 121 - D´Nuller-Vögel

Am Lëtzebuerger Fussball ass vill lass. 24 rout Kaarten goufen et no 7 Spilldeeg an der BGL Ligue an de Ben ass der Saach natierlech op de Grond gaangen. Déi Mierscher sammelen als Opsteiger weiderhin hier Punkten an e Grond dofir ass de Stiermer Benny Bresch, iwwert deen de Gilles eng steil These opstellt. Beim Dylan an der TUS leeft et och an de Ben an den Dylan hunn an der lescht souguer eppes gemeinsam.

Sep 27, 202332 min

Ep 124Episod 120 - Die Nummer sucht den Spieler

Besser spéit wéi ni. D´Buvette ass rëm fir iech do. Wat ass mam Ben lass a wou kommen seng offensiv Aktiounen hier, géint wien spillt den Dylan an der nächster Coupe a wéi schéin war de Goal vum Golkipp vun Neapel wannechgelift? All dat a nach weider Froen hu sech de Ben an den Dylan an der néier Episod vun der Buvette gefrot.

Sep 22, 202336 min

Ep 123Episod 119 - De klengen Iwwermotivéierte géint de grousse Faulen

Eng Woch déi vill Theme fir ze beschwätze mat sech bruecht huet. Lëtzebuerg gewënnt engersäits souverän 3:1 géint Island a kasséiert ob der anerer Säit 9 Goaler géint Portugal. D'Buvette hëlt an dëser Episod net nëmmen dëse Match ënnert d'Lupp, mee och d'Dokumentatioun vum DFB, den Trainerwiessel bei deenen Däitschen an natierlech d'Lëtzebuerger Ekippen déi de Weekend gespillt hunn.

Sep 13, 202332 min

Ep 122Episod 118 - De Co-Trainer Ben

Et ass vill lass am Lëtzebuerger Fussball a villäicht kennt d'Lännermatchpaus genau richteg. Beim Ben wëssen se net méi op e nach Spiller oder Co-Trainer ass, d'Opsteiger glänzen an der Éierepromotioun an et ginn Diskussiounen iwwer eng speziell Nummer 1 zu Beggen. International huet dem Seba Thill säi Goal et an d'Nominatioun vum Tor des Monats gepackt an de Bonucci ass laut Buvette de Summertransfer schlecht hin.

Sep 8, 202329 min

Ep 121Episod 117 - Hien ass Laurent

Weider geet et an der Buvette mat der Episod 117 an dës Kéier hunn déi dräi aus der Buvette sech vill mam Lëtzebuerger Fussball ausenee gesat. D'BGL Ligue gëtt ënner d'Lupp geholl, de Kader vun der Nationalequipe, d'Éierepromotioun an och d'Eenzelspiller wéi eise Laurent Jans. Natierlech gouf awer och rëm iwwer d'Bundesliga geschwat an zum Beispill eng Doppelpass-Zeen vu leschtem Weekend opgegraff.

Aug 30, 202336 min

Ep 120Episod 116 - Turnhal op Schalke

D'Buvette ass no enger verdammt laanger Summerpaus rëm fir Iech do. An dëser Episod schwätze mir iwwer eng interessant Arbitter Doku, de Ben erzielt vu sengem Buchtipp, den Dylan erzielt wéi et beim Auswäertsmatch op Schalke war an de Gilles mécht drop opmierksam, dass och dës Saison rëm an der Buvette gespillt gëtt.

Aug 23, 202332 min

Ep 118Episod 115 - Luerenzweiler meets Buvette

Et gouf laang driwwer geschwat a laang ugekënnegt dass d'Luerenzweiler Ekipp e puer Minutten an der Buvette kritt. No sou enger Saison kréien se elo eng ganz Episod an der Buvette. Vill Gebraddels a vill Infoen iwwer d'Opstigssaison vu Luerenzweiler an dëser Episod Buvette.

May 24, 202342 min

Ep 119Episod 114 - Das Wunder von Mersch

Des Kéier sinn de Ben an den Dylan eleng an der Buvette mee dat sollt se net hënnere fir iwwer genuch interessant Themen ze schwätzen. Wéi ass déi spuenesch Fussballkultur? Wie steigt of? Wie steigt op? Wéi eng Legende verloossen no dëser Saison de Lëtzebuerger Fussball? Mat wéi enge Mëttele wëll d'Jeunesse uewen an der Tabell stoen a klappt "das Wunder von Mersch"? All déi Froe ginn an der aktueller Episod Buvette gekläert.

May 16, 202333 min

Ep 117Episod 113 - Speck an Ierbessen zu Paräis

Et war vill lass an an der Buvette gi rëm déi wichteg Froe gestallt. Wat ass zu Paräis beim Messi lass? Wien ass zu Lëtzebuerg Meeschter ginn? Wien ass alles schonn opgestigen? Wéi gewënnt een en Derby géint Déifferdeng? Wat ass mam Davie Selke lass a wéi kann et sinn, dass den Gilles am Managerspill zweetleschten ass?

May 10, 202335 min

Ep 116Episod 112 - Vum Progrès bei d'Victoria

Et ass eng Spezialfolg, et ass eng Pressekonferenz, et ass alles wat ee wësse muss. Eise Ben wiesselt vu Nidderkuer no der Saison op Rouspert zeréck an d´Buvette sinn déi éischt déi et gewuer ginn. Wat fir Erfarungen hëlt e vu Nidderkuer mat? Wéi eng Nummer kritt hien zu Rouspert? Wéi eng Roll spillt hien elo? Dat alles a nach vill méi hunn de Gilles an den Dylan de Ben gefrot.

May 3, 202335 min

Ep 115Episod 111 - D'Babsi an der Experteronn

Och wann et technesch Problemer ginn, geet d´Qualitéit vun den Themen an der Buvette net verluer. Mir schwätzen iwwer d´Babsi an der Experteronn, dem Gilles säin Ausfluch an de Borussia Park a mat wiem de Michael Ballack den Erling Haaland vergläicht.

Apr 25, 202335 min