PLAY PODCASTS
Buvette - De Fussballpodcast

Buvette - De Fussballpodcast

213 episodes — Page 1 of 5

Episod 209 - Deen Ochs huet keng Hand fräi

May 6, 202624 min

Episod 208 - No der Coupe ass virun der Coupe

Apr 29, 202642 min

Episod 207 - Et gëtt gemunkelt

Apr 22, 202630 min

Episod 206 - Bläifouss

Apr 15, 202648 min

Ep 211Episod 205 - Wat ass dann nëmme lass?

No zwou Woche Paus ass d’Buvette erëm do. D’Batterien si no de Lännermatcher erëm opgetankt an et ass vill geschitt. Mir kucken op déi aktuell Tabellesituatioun an der BGL Ligue, der Éierepromotioun an awer och bei de Reserven. Natierlech kucke mir och op déi kommend Wochen, déi spannend ginn. Wie steigt op? Wie gëtt dann elo Meeschter? Wat kennt alles op eis zou? All dat a villes méi gëtt et an dëser Episod vu Buvette mam Titel 'Wat ass dann nëmme lass?'.

Apr 9, 202620 min

Ep 209Episod 204 - Force à Yannis

An der BGL Ligue wackelt et un der Tabellespëtzt an am Keller leeft et. Rouspert a Käerjeng sammele ganz wichteg Punkten a probéieren do ënnen eraus ze kommen, fir sou séier wéi méiglech d’Vakanzen ze buchen. An der Éierepromotioun gëtt et schon erëm een neie Spëtzereider a soss war et grondsätzlech zimmlech roueg. Wat et dann nach Schéines zu Mamer an der Buvette gëtt, gëss du wéi gewinnt an der Buvette mat der Episod Force àYannis gewuer.

Mar 18, 202636 min

Ep 210Episod 203 - WhatsApp

Zu Rouspert gouff an der Song no enger Victoire géint Bissen gewonnen an de Ben ass ganz vir mat dobäi. Péiteng fällt nom Ofpaff ëm wéi d’Keelen am Café an Déifferdeng ass am Kapp lo schonn am Match géint Diddeleng an zwou Wochen. Wat nach esou op eisen Terrain lass war, wéi ëmmer hei an der Buvette - WhatsApp.

Mar 11, 202637 min

Ep 208Episod 202 - Firwat am Fong ëmmer Fussball?

Rouspert verléiert 0:2 géint den UNK a kee vun de Vogels war an der Buvette... pardon dofir. Trotzdeem kucke mir wat an der BGL Ligue leeft, wie wichteg Punkten an der Éierepromotioun geholl huet a wat zu Sandweiler sou besonnesch war. Et geet, wéi et sech och gehéiert, méi ëm déi Saachen niewent dem Terrain wéi um Terrain. D' Episod 202 vun der Buvette befaasst sech och mam Theema firwat et am Fong ëmmer ëm Fussball geet.

Mar 4, 202632 min

Ep 207Episod 201 - Iwwerraschungen

Iwwerraschungen an der BGL Ligue: Rouspert gewënnt 2:1 géint Nidderkuer, Mamer suergt dofir, dass Diddeleng den Trainer erausgeheit a Munneref gewënnt géint Bissen. De Laurent Jans ass schonn opgestigen, zu Munneref sinn d’Supporter ze haart an d’Terraine sinn iwwerall eng Katastroph. Wat nach sou lass war, gëtt et wéi gewinnt hei an der Buvette an dat mat lauter Iwwerraschungen.

Feb 25, 202631 min

Ep 206Episod 200 - Weider geet et

D'Jonge vun der Buvette sinn nees do a feieren hir 200. Episod! Rouspert hëlt ee Punkt zu Stroossen, Bisse wënnt den Toppmatch géint Diddeleng an am ganze Land goufen déi orange Bäll nees erausgekroopt. An der BGL Ligue an an der Éierepromotioun rullt de Ball nees a wat alles soss nach sou geschitt ass, gëtt et wéi gewinnt an dëser Episod Buvette - Weider geet et also!

Feb 18, 202632 min

Ep 205Episod 199 - Ab an d'Wanterpaus

Eng ganz Hironn ass schonn erëm am Lëtzebuerger Land eriwwer. Mir kucken op e puer eenzel Matcher vum Weekend, gratuléieren engem ganz besonneschen Torschützen an zéien de Bilan vun den Tabellen an der Réckronn. Dat alles wëlls du net verpassen, da lauschter dir déi 199 Episod vun der Buvette un.

Dec 10, 202534 min

Ep 203Episod 198 - Maske-Ben

Virun enger Woch war deelweis ee fräie Fussballsweekend an elo gouf awer erëm gespillt. De Ben spillt eventuell mat Mask, den Dylan hat Bulli um Schung hänken, Bissen gewënnt weiderhin an Äischdall kann sech no engem zéie Kampf leider net belounen. Wat nach esou lass war wéi ëmmer an dëser Episod Buvette mam Titel Maske-Ben.

Dec 3, 202522 min

Ep 204Episod 197 - Päifen, Pech a Pannen

Et war Lännermatchpaus a genee iwwert déi schwätzen d'Jonge vun der Buvette an der neitster Episod. Lëtzebuerg geet mat 0 Punkten aus dem Match, mee et gi genuch positiv Saachen, déi ee mathuele kann a mat deenen et och méiglech sollt si fir géint Malta ze gewannen. An der Éierepromotioun enttäuschen déi éischt 4 Ekippe net a genee sou wéineg och déi Beggener an déi Réimecher. Wat soss nach esou lass war, gëtt et an dëser Episod vum Podcast Buvette.

Nov 19, 202523 min

Ep 202Episod 196 - Alaaf

Coupe Weekend zu Lëtzebuerg an 11.11. zu Köln, wat gëtt et Schéineres? Rouspert gewënnt zu Monnerech mat enger motivéierter Buvette, Bissen klappt Diddeleng, dräi Ekippen aus der 2.Divisioun kommen an der Coupe FLF weider an den Dylan war zu Uespelt ënnerwee. Et ass nees vill geschitt a de ganzen Detail gëtt et wéi gewinnt ëmmer an der neitster Episod Buvette - Alaaf.

Nov 12, 202531 min

Ep 201Episod 195 - Der frühe Vogel

Et ass moies frei an de Ben an den Dylan huele beim Kaffi eng nei Episod op. Um Programm steet wéi ëmmer de Lëtzebuerger Fussball, mee dës Kéier awer och eng Rees Auswäerts op Düsseldorf, een Äishockeymatch vu Rosenheim an normal Kaffisgespréicher. Et gëtt driwwer geschwat wien an der BGL Ligue déi meeschte Kaarten huet, wou et geflaamt huet an nach villes méi wéi ëmmer an dëser Episod Buvette.

Nov 5, 202525 min

Ep 200Episod 194 - Fetzerei

D'Jonge vun der Buffet sinn nees fir dech do! No zwou laange Woche Paus kucke mir nach eemol op de Lännermatch zu Sinsheim, schwätzen iwwer dem Dylan säi Comeback am Lëtzebuerger Fussball a kucke wat leschte Weekend alles esou an eise Lige lass war. Goler, giel Kaarten, Kläppereien an nach villes méi an dëser Episod vu Buvette.

Oct 29, 202534 min

Ep 199Episod 193 - Laang ass et hier

Oct 8, 202530 min

Ep 198Episod 192 - Alle Oberkörperfrei

Alt erëm ee Weekend mat Fussball zu Lëtzebuerg op deem et genuch z'erziele gëtt. Rouspert suergt fir déi éischt Victoire vum Racing, Déifferdeng verschenkt wichteg Punkten un Diddeleng a Nidderkuer gewënnt den Derby géint Käerjeng. Wat nach esou lass war, gëss du wéi gewinnt an dëser Episod Buvette gewuer.

Sep 30, 202529 min

Ep 197Episod 191 - Coupematcher

32 Matcher an der Coupe de Luxembourg an e puer Iwwerraschunge ware mat dobäi. D'Jeunesse Esch muss an d'Eelefmeterschéissen, Käerch gewënnt sensationell mat véier roude Kaarten an nach vill weider spannend Geschichten si geschitt. Wat alles op eisen Terraine lass war, gëss du wéi gewinnt an dëser neier Episod vu Buvette gewuer.

Sep 24, 202527 min

Ep 196Episod 190 - Waars du och do?

Alt erëm Lëtzebuerger Fussball an alt erëm Goler iwwer Goler a schéin Aktiounen. Rouspert geet zu Bissen ënner, Käerjeng gewënnt den Toppmatch géint Péiteng, zu Monnerech gëtt et eng sensationell Réckpass, déi zu näischt féiert an et ass nach villes méi geschitt. Wat nach alles lass war, gëss du wéi gewinnt an der neitster Episod vu Buvette gewuer.

Sep 17, 202533 min

Ep 195Episod 189 - Onverdéngt

Lëtzebuerg verléiert seng zwee Matcher an dat leider trotz gudde Leeschtungen. Woran hat's gelegen? Wéi kann een sou Matcher an Zukunft op seng Säit zéien a wat ass géint Däitschland dran? Dat alles a nach villes méi an der neier Episod Buvette.

Sep 9, 202523 min

Ep 194Episod 188 - Direkt an d'Blutt

Mir si no enger klenger Tëschepaus nees fir dech do a kucken op dee leschte Spilldag am Lëtzebuerger Fussball. Rouspert gewënnt géint Nidderkuer a sprëtzt sech d'Victoire direkt an d'Blutt, wéi mir geléiert hunn. Déifferdeng huet einfach guer keng Loscht méi ze spillen, de Stade Municipal zu Dikrech gesäit aus wéi den ale Stadion vun Dresden an de Jeff Strasser ass vun elo un de Jeff National.

Aug 27, 202528 min

Ep 193Episod 187 - Santiago Munez

Aug 14, 202525 min

Ep 192Episod 186 - Spitzenreiter

D'Buvette ass pünktlech fir déi nei Saison erëm fir dech do! Mir kucken an dëser Episod op d'Transferte vun der Summerpaus, Dribblinger an d'Resultater vum éischte Spilldag. Natierlech thematiséiere mir och d'Victoire vu Rouspert an hirer aktueller éischter Plaz an der Tabell.

Aug 6, 202536 min

Ep 191Specialepisod - FCK-Fanspill 2025

Den 1. FC Kaiserslautern kennt fir ee Fanmatch op Biwer!! All d'Detailer, d'Infoen an déi wichtegst Insider gëss du an dëser Specialepisod vun der Buvette gewuer an dat och nach mat engem ganz spezielle Gaascht.

May 30, 202519 min

Ep 190Episod 185 - Eng fir d'Katty

Et ass eriwwer! Zwar nach net fir jiddereen, mee awer fir déi meescht Ekippen hei am Land. D'Saison ass bis op d'Barragematcher ofgeschloss a wat et Interessantes iwwert déi lescht Woch an déi rezentste Saison ze beschwätze gëtt, gëss du an der neitster Episod vum Podcast Buvette gewuer.

May 28, 202529 min

Ep 189Episod 184 - Heiße Phase

Et ass déi lescht Woch Fussball bevir et an déi schéinste Woch vum Joer geet. De Ben an de Gilles blécken op déi wichtegst Saachen am Lëtzebuerger Fussball: BGl Ligue, Éierepromotioun, 1. Divisioun an an an… Alles an dëser Episod Buvette.

May 22, 202528 min

Ep 188Episod 183 - Wie packt et?

Nach zwee Weekender gi Matcher an der BGL Ligue gespillt, ier et dann an déi schéinste Woch vum Joer geet: wien do spillt bleift awer fierchterlech spannend. An der BGL Ligue stinn d'Ofsteiger fest, mee bei de Barragematcher kënnen nach genuch Ekippe spillen. Dat selwecht gëllt fir d'Éierepromotioun, an där Miersch elo och erëm um Opstig schnoffelt. Wien nach Chancen huet a wou den Zuch endgülteg fort ass, gëss du an dëser Episod Buvette gewuer.

May 15, 202525 min

Ep 187Episod 182 - Crunchtime

Et ass Crunchtime am Fussball. Et schéngt wéi wann a Lëtzebuerg keen op europäeschem Niveau spille wëll, am Ofstig ass a bleift et bis zum leschte Spilldag spannend, d'Ofsteiger an d'Opsteiger sti fest an et ass trotz den Zoustänn am Lëtzebuerger Fussball méiglech, dass 1.800 Leit op een Terrain ginn. Wat nach alles esou lass war, gëss du wéi gewinnt an dëser Episode Buvette gewuer.

May 7, 202524 min

Ep 186Episod 181 - Audit's hiren

Et war erëm sou munches lass am Lëtzebuerger Fussballsland. Rouspert hëlt alt erëm 1 Punkt, verschidde Veräiner kréien d'UEFA-Lizens net, Mamer verléiert no laanger Zäit erëm ee Match, Spiller hunn nach de Neelchen an de Schung an d'Arbittere gi wéi verreckt rout Kaarten. Wat nach esou geschitt ass, gëss du wéi gewinnt an der neier Episod vum Podcast Buvette gewuer.

Apr 30, 202531 min

Ep 185Episod 180 - Ping Pong a Pyro

Lëntgen ass opgestigen, Déifferdeng ass Meeschter, zu Beggen ginn d´Eelefmeter ofgepaff, de Kevin Kerger rutscht wéi de Steven Gerrard a villes méi. Zu Lëtzebuerg ass de Weekend erëm vill geschitt a wat genee gëtt wéi ëmmer fir dech an der Buvette beschwat.

Apr 24, 202532 min

Ep 184Episod 179 - Eier wir brauchen Eier

Et ass vill geschitt: Déifferdeng ass nach kee Meeschter a gëtt et vläit zu Rouspert, de Ben huet ee Gol geschoss, scho verdammt vill Matcher um Bockel an eng interessant Statistik op d'Bee gestallt. Wéi eng dat ass, wat extra am "RTL Goal" war an an an, wéi ëmmer an dëser Folleg Buvette.

Apr 17, 202528 min

Ep 183Episod 178 - Die 3 Freunde

D'Sonn ass dobaussen an dat mierkt een och op de Fussballsterrainen: Golkippere schéissen an der leschter Sekonn Goler, d'Leit ginn op Terrainen d'Matcher kucken an de Béier schmaacht erëm besser. De Ben krut de Weekend e gudde Schlag op d Schinnebeen, Miersch verléiert no 5 Matcher erëm an an an. Villes ass geschitt a gëtt wéi ëmmer an der neitster Episod vun der Buvette beschwat.

Apr 9, 202532 min

Ep 182Episod 177 - Camper um Camping

Alt nees ee gemittleche Fussballweekend am Lëtzebuerger Ländchen: De Ben hat e puer Chancë fir géint d'Jeunesse ze knipsen, Miersch gewënnt schonn nees an zu Kanech gouf de Match ofgebrach. Wat nach esou geschitt ass, wéi gewinnt an dëser Folleg Buvette.

Apr 2, 202529 min

Ep 181Episod 176 - Déi éischte Kéier

De Ben hat de Weekend fräi an dowéinst muss den Dylan dru gleewen. Wat ass am Stade de Luxembourg geschitt, wéi war et zu Miersch um Terrain, wat ass esou besonnesch um Lëtzebuerger Fussball an an an. All déi Froen a weider onwichteg Theeme wéi gewinnt an dëser Folleg Buvette.

Mar 26, 202531 min

Ep 180Episod 175: Pyro oder Bratwurst

Alt nees ee vergaangene Weekend an der Fussballwelt an de Ben an den Dylan kucken zesummen op d'BGL Ligue, d'Éierepromotioun, d'Champions League, déi ustoend Lännermatcher an dat alles mat Fakten, Fakten a nach méi Fakten. Dat a nach vill weider Saachen an der neier Folg Buvette.

Mar 20, 202532 min

Ep 179Episod 174: GGGGGewonn

Et war e rouege Weekend an der Fussballwelt. Trotzdem kucken de Ben, den Gilles an den Dylan op d'Ereignisser. Déifferdeng mécht einfach sou weider wéi se et ëmmer maachen, zu Miersch ass eng Kou rondërem gelaf, Mamer schéisst Biissen of an de Lars Gerson huet Probleemer um Wuessterrain ze spillen. Dat a nach vill weider Saachen an der neier Folg Buvette.

Mar 12, 202528 min

Ep 178Episod 173: Der dicke Willi

D'Buvette ass nees do a kuckt fier ierch wéi gewinnt op d´Fussballsereignisser vun der leschter Woch. Goalkeeper scheisse Goaler, d´Terraien gesinn deels aus wéi bei de Wilden Kerle, Rouspert hëllt nees e Punkt an an an. Villes ass geschitt an wat genau wie emmer an deser Folg Buvette.

Mar 6, 202540 min

Ep 177Episod 172 - Blockbuster a spannend Tabellen

Alt nees e Fussballweekend hannert eis. Rouspert hëllt e wichtege Punkt géint Nidderkuer. Hueschtert dréit de Match géint Monnerech, Déifferdeng zitt weider fort an an der Éierepromotioun gëtt et ganz spannend. Fakten, Fakten, Fakten a nach méi Fakten an deser Folg Buvette.

Feb 26, 202532 min

Ep 176Episod 171 - Kopfballungeheuer

Et ass geschitt! Eise Ben huet fir déi éischt Kéier dës Saison geknipst an huet senger Victoria sou zu enger wichteger Auswäertsvictoire verhollef. Mir kucken awer net nëmmen op Rouspert, mee och op d'Evenementer zu Hueschtert, der Bundesliga a wou soss nach eng lass war.

Feb 18, 202528 min

Ep 175Episod 170 - Pelouse en bon Etat

Deen éischten BGL-Spilldag ass Geschicht: Hesper huet keen Trainer méi a bei der Jeunesse war den Entrée fräi. Nidderkuer wëll mam Nationalspiller Lars Gerson nach eng Kéier voll ugräifen an Dësen dierf warscheinlech säin BGL Ligue-Debut zu Rouspert op der Pelouse féieren.

Feb 13, 202526 min

Ep 174Episod 169 - Zeréck aus dem Wanterschlof

Mir si erëm zeréck. No enger laanger a verdammt gudder Wanterpaus gëtt et erëm Zäit op de Fussball ze kucken. Wéi eng Transferte sinn zu Lëtzebuerg geschitt, wien ass de wierkleche Königstransfert a wéi geet et déi nächst Woche weider? Alles dat a nach villes méi an dëser Folleg.

Feb 5, 202525 min

Ep 173Episod 168 - Wanterpaus

D'Buvette geet genau sou wéi de Lëtzebuerger Fussball an d'Wanterpaus. Trotzdeem beschwätzen d'Bouwe vun der Buvette nach eng Kéier déi wichteg Saachen. Wéi geet et mat Hesper weider? Wat huet de Ben zu Stroossen erlieft? Wat ass zu Königsdorf geschitt? Wat maachen d'Ekippen an der Wanterpaus? Alles dat a nach vill méi an dëser Episod vun der Buvette.

Dec 11, 202428 min

Ep 172Episod 167 - De blanke Wansinn

Et ass vill lass wann een sech aktuell am Lëtzebuerger Fussball ëmhéiert: ee grousse Skandal an der BGL Ligue vum Swift Hesper suergt fir Diskussiounsstoff am Land a wou ass déi perfekte Plaz fir natierlech driwwer ze schwätzen? Richteg, an der Buvette. Hesper, Coupe, d'Erliefnisser vum Weekend: d'Jonge vun der Buvette hunn erëm alles fir dech diskutéiert a beschwat.

Dec 3, 202433 min

Ep 171Episod 166 - Glügin an Emotiounen

Et gëtt wanterlech dobaussen an dowéinst schwätzt d'Buvette iwwer verschidde Gedrénks. Mee sou wéi et sech gehéiert och iwwert de Fussball. Wéi war et fir de Ben zu Wooltz? Wat war mam Kommentator lass? Wat ass zu Käerjeng geschitt? An an an.. Wieder Detailer wéi ëmmer erëm an der neier Episod vum Podcast Buvette.

Nov 28, 202433 min

Ep 170Episod 165 - Et gëtt kal

D'Roud Léiwen hu gespillt an dat heescht erëm Kritik vu ville Säiten ausser an der Buvette. De Gerson ass ee super Typ, d'Auswiesslung vum Ralph ass top an de Courage vum Holtz genau sou. Mir hunn erëm déi wichteg Saache fir dech beschwat an ausdiskutéiert: vun Insider bis hin zu dréchene Fakten.

Nov 20, 202429 min

Ep 169Episod 164 - 90 Minutte laang

00000165 00000165 0000389D 0000389D 0006CC4E 0006CC4E 00007E86 00007E86 00034FF5 00034FF5

Nov 14, 202436 min

Ep 168Episod 163 - B steet fir Buvette

De Ben huet eppes fir eis Fussballskultur gemaach a war an der Staat beim 352 Football Festival. Leit, déi de Fussball gären hunn, sollen heiansdo gären e Béierchen drénken a gäre braddelen. Wat wëll een och Méi. Dann hat de Ben awer nach selwer Match a kuckt wat an der BGL-Ligue lass war an den Dylan schwätzt iwwer säin Dag zu Stuttgart.

Nov 6, 202430 min

Ep 167Episod 162 - Lautrer muss du sinn

Ee klengen Telefon aus Stuttgart, e bësse Geläschters riets a lénks. D'Buvette huet erëm den Tour duerch d'BGL Ligue an d'Éierepromotioun gemaach an ausserdeem nach e puer Diskussiounen zum Ballon d'Or begruewen.

Oct 30, 202427 min

Ep 166Episod 161 - Wat eng Pärel!

Wat eng Pärel an der BGL Ligue! Bei der Fola fale Goler, wéi aus dem Billerbuch, de Ben erreecht erëm e Meilesteen a senger Karriäre, Déifferdeng huet ëmmer nach Ee kasséiert an an an. Am Lëtzebuerger Fussball ass vill lass a genau dofir lount et sech déi nei Folleg Buvette zelauschteren.

Oct 24, 202433 min