Invité:e vum Dag
163 episodes — Page 3 of 4
Gilles Roth
Carole Hartmann
Marc Serres
Ginette Jones
Vincent Hein
Elisabeth Margue
Kevin Goergen
Anne-Marie Hanff
Péter Techet
René Winkin
Michel Erpelding
Marion Dubois
Simone Asselborn-Bintz a Myriam Cecchetti
Francine Closener
Zënter engem Joer brauch ee méi Ënnerschrëften, fir mat enger Petitioun en Debat an der Chamber ze kréien. Ginn et der dofir elo manner? Mir froen d'Presidentin vun der Petitiouns-Kommissioun.
Joëlle Damé
D'Enseignantsgewerkschaft SEW-OGBL begréisst dem Educatiounsminister Claude Meisch (DP) seng Positioun zur Inklusioun an der Schoul. Firwat?
Loïc Hoscheit
D'Agence Luxembourgeoise pour l'intégrité dans le sport fänkt haut offiziell mat hirer Aarbecht un. Mir froen den ALIS-Direkter wéi eng Aufgaben elo op hien duerkommen.
Laurent Peusch
Trotz Chômage ginn et laut ADEM eng 20 Beruffer, an deenen d'Patrone quasi kee Personal fannen. Mir schwätze mam Chef vum Service Employeurs bei der ADEM doriwwer.
Olivier Cano
Mir froen de neie Co-President vun de Jonke Sozialisten, ob an der LSAP genuch op déi Jonk gelauschtert gëtt.
Simone Flammang (Procureur général d’Etat adjoint)
Mir froen d'Procureur général d’Etat adjoint, wéi d'Jugendkriminalitéit ka bekämpft ginn, ouni datt permanent Mineuren am Erwuesseneprisong zu Schraasseg landen.
Michel Reckinger
Den UEL-President iwwer d'Positioun vum Patronat an der aktueller Diskussioun ëm de Mindestloun an iwwer déi rezent Entwécklungen um Aarbechtsmaart.
Patrick Dury
D'Regierung an d'Gewerkschaften si sech an den Diskussiounen iwwer de Mindestloun net eens. Mir froen den LCGB-President op d'Gewerkschaften elo erëm op d'Strooss ginn.
Franz Fayot
Den LSAP-Deputéierten iwwer Konten, déi vun der Spuerkeess gespaart ginn, an d'Fro, ob Lëtzebuerg fir dat israeelescht Virgoen an de besate Gebidder ka mat responsabel gemaach ginn.
Luc Frieden
De Premier gouf e Samschdeg als CSV-President confirméiert, mat awer engem manner gudde Score wéi bei senger éischter Wiel virun 2 Joer. Wéi reagéiert hien op dat Resultat?
Jean-Claude Frisch
Mat deem haut pensionéierte Franséischproff a laangjärege President vun der Programmkommissioun geet rieds iwwer d'"Kris" vum Franséische bei der Jugend.
Mylène Bianchi
D'lescht Joer gouf et iwwer 500 Aggressioune géint d'Personal am ëffentlechen Transport. Mir froen d'Presidentin vun der Eisebunnergewerkschaft Syprolux wat een dogéint ka maachen.
Charles Goerens
Mam Europadeputéierte vun der DP geet rieds iwwer de Konflikt am Noen Osten a seng politesch, strategesch, ekonomesch an humanitär Konsequenzen.
Steve Vermeer
De Spriecher vun der Fédération des développeurs immobiliers betount, et géif net genuch gebaut ginn. Dorënner géifen net nëmmen d'Promoteuren, ma och d'Wirtschaft leiden.
Marc Lauer
De Vizepresident vun der Chambre de Commerce souz um KI-Dësch mat der Regierung an de Gewerkschafte beieneen. Wat behält hien no där Reunioun zeréck? Wéi eng Chancen an Opportunitéite gesäit d'Patronat bei der Notzung vu Kënschtlecher Intelligenz an der Aarbechtswelt?
Charles Benoy
Middegkeet, déi net vergeet, permanent ausser Otem a Péng an de Muskelen - dat sinn e puer vun de Symptomer vu Long Covid. Am Kader vum International Long-Covid Awareness Day schwätze mir mam Psychotherapeut aus der Rehaklinik doriwwer, mat wéi enge physeschen a psychologeschen Erausfuerderungen déi Betraffen ze kämpfen hunn.
Steve Martellini
Mir froen den Direkter vun der Horesca, wéi schlëmm de Personalmangel am Secteur ass, a wat hie vun der Propos hält fir de qualifizéierte Mindestloun ofzeschafen.
Lex Delles
Wéinst de Krich am Noen Osten erlieft Europa grad deen zweeten Energiepräis-Schock bannent véier Joer. Mir froen de Wirtschafts- an Energieminister, wéi d'Regierung reagéiert.
Luc Heuschling
Den Droitsproffesser fuerdert, datt d'Léierpersonal besser an d'Decisiounsprozedure vun der Uni Lëtzebuerg agebonne gëtt. Mir froen hien, firwat dat esou wichteg ass.
Eric Bleyer (Direkter vun Aral Lëtzebuerg)
De Krich am Noen Osten huet an de leschten Deeg fir zolidd Präishaussen op den Tankstelle gesuergt. War dat just den Ufank? Mir froen de President vum Tankstelleverband GEML.
Yuriko Backes
Mat der zoustänneger Ministesch schwätze mir am Virfeld vum internationale Fraendag iwwer de laange Wee a Richtung Gläichstellung.
Maxime Miltgen
D'Presidentin vun de Femmes socialistes a Stater Gemengeconseillère wëllt mam Georges Engel d'Presidence vun der LSAP iwwerhuelen. Wou wëllt si d'Partei genee hiféieren?
Charel Schmit
Den Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher fuerdert e Verbuet, fir Mannerjäreger an den Erwuesseneprisong ze placéieren. Wéi eng Alternative missten amplaz geschafe ginn?
Alain Massen
De Psychotherapeut a Papp vu véier Kanner war 6 Joer laang President vun der nationaler Elterevertriedung. Wéi eng Chancen an Erausfuerderunge gesäit hien op de Lëtzebuerger Schoulsystem duerkommen?
Gusty Graas (DP) an David Wagner (déi Lénk)
Déi zwee Deputéiert hunn ënnerschiddlech Vuen op de Konflikt am Noen Osten. Wéi bewäerte si déi rezent Ugrëff, d'Äntwert vum Iran an d'Zukunft vum Land?
Gérard Zens
Déi méisproocheg ëffentlech École Internationale de Differdange et d’Esch-sur-Alzette (EIDE) kritt 10 Joer. Mat hirem Direkter geheie mir ee Bléck zeréck an no vir.
Chris Roller
Affär Wilmes, Dokteschtariffer, CNS-Verhandlungen: am Gesondheetssecteur komme grad vill Problemer beieneen. Wat mécht d'AMMD fir d'Vertrauen ze erhalen? Froen un hire President
Mireille Welter a Max Pesch
D'Gemeng Esch-Sauer krut rezent eng nei Buergermeeschtesch a Bech een neie Buergermeeschter. Mat hinne schwätze mir iwwer d'Erausfuerderunge vu klenge Gemengen.
Françoise Kemp
D'CSV-Deputéiert verréit, firwat si léiwer Presidentin vum Südbezierk gouf wéi Co-Generalsekretärin vun der Partei ze bleiwen.
Yves Germeaux
D'Supreme Court an den USA huet dem Donald Trump seng Taxe gekippt, deen huet direkt neier decdiéiert. Wat bedeit dat fir d'EU? Explikatioune vum Yves Germeaux, dee bei der Industrielle-Federatioun FEDIL fir déi international Handelsrelatiounen zoustänneg ass.
Tilly Metz
Déi gréng Europadeputéiert schwätzt iwwer hire Kampf géint den Tabagissem ... a géint déi staark Präsenz vun Tubaks-Lobbyisten an de Couloire vum Europaparlament.
Michel Knepper
De Bilan vun den Olympesche Wanterspiller - aus Lëtzbuerger Siicht an allgemeng - mam President vum COSL
Dirk Becker
De Generalsekretär vun der Association Luxembourgeoise des Pilotes de Ligne (ALPL) reagéiert op déi rezent Serie vun Tëschefäll mat Luxair-Maschinnen.
Jean-Marie Jans
Froen un deen neie Beetebuerger CSV-Buergermeeschter, deen am Januar d'Nofolleg vum Laurent Zeimet iwwerholl huet.
Serge Allegrezza
Zënter 10 Joer stagnéiert d'Produktivitéit hei am Land: Wéi kann ee se steigeren? Ë. a. déi Fro beäntwert de President vum Conseil national de la productivité.
Yuriko Backes
Nom EU- an dem NATO-Conseil, virun der Münchener Sécherheetskonferenz: Froen un d'Verteidegungsministesch
Bruno Alves an Norry Schneider
Mir huele mam Beamte vum Ëmweltministère an dem Vertrieder vun der Organisatioun CELL (Centre for Ecological Learning Luxemburg) deen neie Strategiepabeier fir d'Upassung un de Klimawandel ënner d'Lupp. D'Dokument soll de leschten Aktiounsplang an deem Beräich ersetzen a gouf am Kader vun engem Consultatiounsprozess ausgeschafft, un deem iwwer 500 Vertrieder:innen aus der Zivilgesellschaft deelgeholl hunn.