
Drëtt Hallschent - De Sport-Talk
100 episodes — Page 1 of 2
Drëtt Hallschent mam Ultra-Cycliste Ralph Diseviscourt, 09/02/2026
De Ralph Diseviscourt geet am Juni un den Depart vun enger Course, déi iwwer 7.500 Kilometer vum Norkap an Norwgen op Tarifa a Spuenien geet De Ralph Diseviscourt huet an de leschte Joren, wärend sengen extrem Courssen, Héichten an Déiften erlieft. Iwwer déi erzielt hien an der Drëtter Hallschent. Am Summer ass hien awer och mam Vëlo a Kanada, iwwer de legendären Dempster Highway gefuer. Och dat ass een Thema am Podcast. Dëse Juni geet hien un den Depart vun enger Coursse déi iwwer 7.500 Kilometer vum Nordkap an Norwegen op Traifa a Spuenien geet. Et wier dee Moment déi längtse Coursse, déi hien a senger Karriär gefuer wier.
"1, 2, 3, Steelers. 4, 5, 6, Famill", 02/02/2026
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport-Talk" ass dës Woch de President vun den Diddeleng Steelers, de Patrick Klein, op Besuch.
Chris Stumpf: "Et ass alles dran, souguer de Championstitel", 26/01/2026
Dës Woch ass de Chris Stumpf Invité am Podcast Drëtt Hallschent.
Patrick Schon: "Längerfristeg kann ee vum Opstig schwätzen", 19/01/2026
Dës Woch ass aus dem Äishockey de President vum Tornado Lëtzebuerg Patrick Schon Invité vum Sam Rickal. Den Tornado Lëtzebuerg ass ee vun deene groussen Äishockey-Veräiner am Grand-Duché a spillt souwuel am Lëtzebuerger Championnat LHL, wéi och der zweeter franséischer Divisioun. Donieft gëtt et mat de Beefort Knights an de Lëtzebuerg Foxes zwou weider grouss Ekippen, déi awer an der éischter belscher Divisioun spillen. De Patrick Schon huet bis ëm 2019 selwer Äishockey gespillt. Quasi direkt no senger Spillerkarriär gouf de 47 Joer ale Lëtzebuerger President vum Tornado Lëtzebuerg an ass och bei der Lëtzebuerger Äishockey Federatioun als Tresorier aktiv.
Marc Breser: "International ass en aneren Niveau", 12/01/2026
De Sportsproff ass Trainer vun der Red Boys Déifferdeng am Hären-Handball.
Bruno Meier: "De Maroc preparéiert sech organisatoresch op d'WM 2030", 05/01/2026
Dës Woch ass de Bruno Meier Invité vum Jeff Kettenmeyer am Podcast Drëtt Hallschent.
Jempy Drucker: "Mats Wenzel seng Leeschtung op der EM gëtt net genuch unerkannt", 15/12/2025
Zanter gutt 3 Joer ass de Jemyp Drucker elo schonns Vëlosnationaltrainer. Am Podcast gëtt ee gewuer, wéi seng Aarbecht ausgesäit. Nodeems de Jempy Drucker seng aktiv Vëloskarriär un den Nol gehaangen huet, ass hie praktesch direkt bei d'FSCL gewiesselt, fir Nationaltrainer ze ginn. Mat den Espoiren huet hien dëst Joer ënnert anerem Etappen am Tour de l'Avenir an am Tour de Luxembourg gewonnen. Am Podcast erzielt de Jempy Drucker ënnert anerem, wéi seng deeglech Aarbecht ausgesäit. Et gëtt een och gewuer, firwat de Vëlodrome wichteg fir de Vëlossport bei eis am Land ass.
Jasmin Sabotic, Marc Mouton, Eric Schmidt: Wéi steet et ëm de Lëtzebuerger Arbitrage?, 08/12/2025
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport-Talk" sinn dës Woch déi dräi Arbittere beim Sam Rickal op Besuch.
Catherine Mreches: "Ech wollt kierperlech a mental prett si fir zeréck op den Terrain", 01/12/2025
Dës Woch ass d'Basketspillerin Catherine Mreches Invitée vum Jeff Kettenmeyer.
Jean-Marc Hoffmann: Lëtzebuerg ass am Keelesport nach ëmmer un der Weltspëtzt, 24/11/2025
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport-Talk" ass dës Woch de Jean-Marc Hoffmann op Besuch. Mat ronn 1.700 Lizenzen, ass d‘Keelesport Federatioun eng vun de gréisste Sport Federatioun bei eis am Land. Keng aner Sportaart zu Lëtzebuerg, huet esou vill Medailen op Europa- Weltmeeschterschaften gewonnen wéi de Keelesport. Et ass ee Sport deen dacks an de Bistroe gespillt gëtt. Awer net nëmmen. Wéi et aktuell mam Keelesport zu Lëtzebuerg ausgesäit, doriwwer huet de Rich Simon mam Vice-President vun der Federatioun, Jean-Marc Hoffmann geschwat.
Massimo Tarantini: "An der Money-Time geet de Spiller op dat zeréck, wat hien am Léifste mécht", 17/11/2025
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport-Talk" ass dës Woch de Massimo Tarantini op Besuch.
Maxhime Jeangout: "Et sinn net nëmme Futtballer, mee och Mënschen", 10/11/2025
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport-Talk" ass dës Woch e Lëtzebuerger Jugend-Scout vun Ajax Amsterdam, de Maxhime Jeangout, op Besuch.
Gérard Schneider: "Petanque ass net just Pastis a Baguette", 03/11/2025
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent - De Sport-Talk" ass e Méindeg de President vun enger internationaler Sportfederatioun beim Franky Hippert op Besuch.
Camille Dahm: "De Vëlodrom wäert 2029 ageweit ginn", 27/10/2025
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport-Talk" ass dës Woch de President vun der Vëlosfederatioun beim Rich Simon op Besuch.
Marta Estevez Garcia: "Wéi den Dan koum, huet sech ganz vill geännert", 20/10/2025
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport-Talk" ass dës Woch d'Futtballnationalspillerin Marta Estevez Garcia beim Sam Rickal op Besuch.
Angelique Kerber: "Den Australian Open Titel 2016 huet alles verännert", 13/10/2025
Um Sonndeg huet d‘Angelique Kerber déi 4. Editioun vun den Luxembourg Ladies Tennis Masters gewonnen. Am Virfeld war si Invitée vum Jeff Kettenmeyer.
Reinhold Breu: "Déi Däitsch sollen de Ball flaach halen", 06/10/2025
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport-Talk" ass dës Woch den Trainer vun der Escher Jeunesse, de Reinhold Breu, beim Sam Rickal op Besuch.
Martine Emeringer: 2013 war den Héichpunkt an der Karriär vun der Volleyballspillerin, 29/09/2025
D'Spillerin vum VC Mamer trëppelt no iwwer 25 Joer op héchstem nationale Niveau elo e bësse méi lues.
Luca Tomassini: Um Training am Ausland ass méi Konkurrenz, 22/09/2025
De Luca Tomassini huet wärend sengem Studium an der 3. Bundesliga gespillt.
Jeff Strasser: "Mir freeën eis alleguer op den Däitschland-Match", 15/09/2025
Den éischte Sport Podcast vun der neier Saison steet am Zeechen vum Futtball.
Kevin Geniets: Gravel-Coursse géife mech definitiv reizen, 14/07/2025
Dës Woch ass de Kevin Geniets Invité am Podcast Drëtt Hallschent, de Sport-Talk. Direkt an enger vun den éischte Courssen, ass hien dës Saison, den 3. bei der Etoile de Bessège ginn. Am Mee ass hien du säin éischte Giro d‘Italia gefuer. Dat hien net an der Ekipp vum Tour de France war, war keng grouss Enttäuschung. Hie krut dat schonns ganz frei an der Saison gesot.
Jenny Zuk: Et ass einfach e mega Gefill, 07/07/2025
D‘Kapitänin vum Lëtzebuerger Handball-Champion ass zanter Joren d‘Partnerin vum Raphael Duarte, Co-Trainer vu Werder Bremen.
"De Pogacar ka sech eigentlech just selwer klappen", 30/06/2025
E Samschdeg ass de Grand Départ vum Tour de France. Am Virfeld dovu sinn den Tom Flammang an de Kim Kirchen eis Invitéen am Podcast Drëtt Hallschent.
"Eis Campagne war bal perfekt", 23/06/2025
Dës Woch ass de Futtball-Dammennationaltrainer Dan Santos Invité am Podcast Drëtt Hallschent.
Lars Gerson: "100 Lännermatcher sinn en Zil an eng Motivatioun", 16/06/2025
Dës Woch ass de Lars Gerson Invité am Podcast Drëtt Hallschent, de Sport-Talk.
Claudine Schaul: "D'Anne sot zu mir: Hal de Bak a spill", 09/06/2025
Dës Woch ass d'Claudine Schaul Invitée am Podcast Drëtt Hallschent, de Sport-Talk. Dës Woch ass d‘Claudine Schaul an der „Drëtter Hallschent“. Déi fréier Nummer 4 an der Tennis-Weltranglëscht ass zanter kuerzem d‘Kapitänin vun der Billie-Jean-King-Cup-Ekipp. Fréier war dat de sougenannte Fed Cup. Beim Rich Simon erkläert d‘Claudine Schaul wat d‘Aufgab vun der Kapitänin ass, wéi et mam Nowuess am Lëtzebuerger Tennis ausgesäit a firwat ëmmer méi Leit de Padel als nei Sportaart fir sech entdecken. Ausserdeem erzielt d‘Claudine Schaul och nach wéi wichteg d‘Spiller vun de klenge Länner sinn an datt et als klengt Land praktesch onméiglech ass, fir e puer Spiller gläichzäiteg an den Top 100 vun der Welt ze hunn.
Raphael Duarte: Direkt nom Heidenheim-Match war d'Enttäuschung natierlech grouss, 02/06/2025
Dës Woch ass de Raphael Duarte Invité am Podcast Drëtt Hallschent, de Sport-Talk.
Roby Langers: Barragematch géint Stroossbuerg war de "match de ma vie", 26/05/2025
Dës Woch ass de Roby Langers Invité am Podcast Drëtt Hallschent. De Roby Langers ass dës Woch den Invité an der Drëtter Hallschent. Viru 35 Joer huet hien et fäerdeg bruecht, mat Nice am Barragematch géint Stroossbuerg, an enger Hallschent 4 Goler ze schéissen. Nice huet de Match um Enn 6-0 gewonnen an ass an der Ligue 1 bliwwen. Iwwer dëse Match gëtt natierech geschwat an och iwwer seng Relatioun mam legendäre Jules Bocandé. De Roby Langers, huet sech awer och e puer Gedanke gemaach, a wéi eng Richtung sech de Lëtzebuerger Futtball entwéckelt.
Charel Grethen: "D'WM dëst Joer zu Tokio géif ee spezielle Moment ginn", 19/05/2025
Dës Woch ass de Charel Grethen Invité am Podcast Drëtt Hallschent.
Kim a Joy Wirtz: "Privates a Sportleches kréie mir ëmmer gutt getrennt", 12/05/2025
Dës Woch sinn déi zwou Schwëstere vum HB Diddeleng, d’Kim an d’Joy Wirtz, Invitéeën am Podcast Drëtt Hallschent. Am nationalen Handball geet et an d’Schlussphas vum Championnat. Bei den Häre war de Weekend Paus, well déi Lëtzebuerger Nationalekipp an der EM-Qualifikatioun am Asaz war. Bei den Damme gëtt de Championstitel fir déi Kéier nom Titel-Playoff an enger Halleffinall- a Finalronn decidéiert. Zanter de leschten Donneschdeg stinn déi béid Finaliste fest. Am Best-Of-Three-Modus krit et de frësch gebakene Coupe-Gewënner Diddeleng mam HB Käerjeng ze dinn.
André Hoffmann: Ënnert den 2 leschte sozialistesche Ministeren, war d'Liewen net ëmmer einfach, 05/05/2025
Wärend 13 Joer, war den André Hoffmann President vum COSL. An der "Drëtter Hallschent", kuckt hie mam Rich Simon zeréck op déi Joren. D‘Olympesch Spiller zu Paräis war fir hien een immensen Highlight um Enn vu senger Presidence. Den Ex-President hofft, datt d‘Olympesch Spiller zu Los Angeles am Joer 2028 wéinst dem Donald Trump, net ze politesch ginn. Vun de 4 Sport-Ministeren, mat deenen den André Hoffmann a senger Zäit un der Spëtzt vum COSL ze dinn hat, kommen 2 sozialistesch Ministeren net all zegutt ewech. Säi grousse Regret ass, datt et och ënnert senger Presidence keng Olympiamedail fir Lëtzebuerg gouf.
Erny Gruskovnjak: "Talent ass, säi Potential ze erkennen an da wëllen de Maximum erauszehuelen", 28/04/2025
Dës Woch ass den Erny Gruskovnjak Invité vum Jeff Kettenmeyer am Podcast Drëtt Hallschent.
Gilles Kremer: "Sinn immens dankbar, datt de Gilles Muller den Telefon an de Grapp geholl huet", 21/04/2025
Des Woch ass de Gilles Kremer Invité am Podcast Drëtt Hallschent.
Dirk Carlson: "Fir d‘Nationalekipp ze spillen, ass dat Gréisst fir mech", 31/03/2025
Des Woch ass den Dirk Carlson Invité am Podcast Drëtt Hallschent.
Thierry Kruchten, Luca Tommasi: "Déi ënnescht Divisioune sinn d'Essenz vum Lëtzebuerger Futtball", 24/03/2025
Am Podcast Drëtt Hallschent, de Sport-Talk sinn dës Woch den Thierry Kruchten an de Luca Tommasi vun der Missioun Grottekick op Besuch.
Christelle Diederich: Christelle Diederich, nei Presidentin vun der Lëtzebuerger Sportspress, 17/03/2025
Zanter engem gudde Mount, steet d‘Christelle Diederich un der Spëtzt vun der Sportspress. Zanter engem gudde Mount, steet d‘Christelle Diederich un der Spëtzt vun der Sportspress. D‘Journalistin vum Tageblatt, huet no 27 Joer d‘Successioun vum Petzt Lahure iwwerholl. An der 3. Hallschent erzielt d‘Christelle Diederich ënnert anerem, wat de Beruff vum Sportjournalist ausmécht, wéi sech de Sport zu Lëtzebuerger an de leschte Joerzéngten entwéckelt huet a wéi sech Zukunft vun de Printmedien ausgesäit. Déi nei Presidentin, mécht sech awer och Gedanken iwwer de Benevolat a versteet net, datt et net méi Sportkoordinateuren an de Gemenge ginn.
Claude Meisch: Claude Meisch: Eng Stonn Sport pro Dag an der Schoul à ce stade net méiglech, 10/03/2025
Am Podcast Drëtt Hallschent geet et dës Woch ëm de Sport bei Kanner a Jugendlechen.
Fintan Lawlor: Fintan Lawlor: Eng Kläpperei um Terrain gehéiert beim Rugby dozou, 03/03/2025
Am Podcast Drëtt Hallschent geet et dës Woch ëm de Rugby. Fir déi éischte Kéier an der Geschicht vum Lëtzebuerger Rugby, spillt d'Nationalekipp an der sougenannter Rugby Europe Trophy. Ee feste Pilier vun der Ekipp, ass de Fintan Lawlor. Hien huet zwar réischt 20 Joer mee hie spillt op den 10. Positioun. Déi kann ee vergläichen, mam Quaterback am American Football. Am Podcast erzielt de Fintan, deen iresch Originen huet, wéi hie bei de Rugby komm ass a firwat hien elo zu Montpellier spillt. Ausserdeem gëtt ee gefuer, datt den Arbitter am Rugby helleg ass an datt d'Kläppereien um Terrain, awer och dozou gehéieren.
Podcast "Drëtt Hallschent" mam Rugby-Spiller Fintan Lawlor, 03/03/2025
Philippe Gutenkauf: Philippe Gutenkauf: "Fir mech war ëmmer kloer, just op der Etzella ze spillen", 24/02/2025
Am Podcast Drëtt Hallschent geet et dës Woch ëm de Basket.
Nicolas Wagner: Nicolas Wagner: "Mäi Quater Back Junior huet Energie wéi ee Formel 1", 10/02/2025
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport Talk" ass dës Woch den Dressurreider Nicolas Wagner Invité. De Nicolas Wagner, ass dës Woch den Invité an der „Drëtter Hallschent“. No Tokio 2021, war den Dressurreider och dat leschte Joer nees bei den Olympesche Spiller, mat dobäi. Zu Paräis koum hien op déi ganz gutt 24. Platz. Am Podcast beim Rich Simon erzielt hien ënnert anerem, wéi hie bei den Dressursport komm ass. Et geet een awer och gewuer, firwat hie sech virun 10 Joer entscheet huet, fir de Quater Back Junior, mat deem hien op den Olympesche Spiller war, ze kafen. Den Nicolas Wagner verréit eis awer och, wéi gutt de Grand-Duc Henri ka reiden.
Gilles Braas: Gilles Braas: "Et lieft een 2 Liewen", 03/02/2025
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport Talk" ass dës Woch de Volleyballspiller Gilles Braas Invité.
Manuel Cardoni: Manu Cardoni: "De Leo ass e perfekt Beispill, wéi ee seng Karriär strukturéiert", 27/01/2025
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport Talk" ass dës Woch de Manuel Cardoni Invité.
Drëtt Hallschent mam Chris Rodesch, 20/01/2025
Chris Rodesch: Chris Rodesch: "De Gilles Muller ass eng Inspiratioun fir mech", 20/01/2025
An eisem Podcast "Drëtt Hallschent – De Sport Talk" ass dës Woch de Chris Rodesch Invité.
Tom Habscheid: "Ech hat nach eng Rechnung mam Universum opstoen", 13/01/2025
An eisem Podcast “Drëtt Hallschent – De Sport Talk” ass dës Woch den Tom Habscheid Invité. Am Podcast beim Rich Simon, erzielt den Tom Habscheid ënnert anerem, firwat hien Decisioun geholl huet fir ee Comeback ze maachen. Thema Inclusioun läit dem Bommstousser um Häerz an hie setzt sech vill dofir an, datt déi an den nächste Joren nach besser gëtt. Een zweete Comeback, huet hien an der Drëtter Hallschent kategoresch ausgeschloss. An d'Zukunft konzentréiert hie sech verstäerkt op de Kraaftsport. A Schottland hieft hien zum Beispill Steng an d'Luucht.
Georges Mischo: "De Benevolat ass wäit iwwert seng Limitten eraus", 06/01/2025
An der éischter Episod vum Podcast “Drëtt Hallschent – De Sport Talk” am neie Joer ass traditionell de Sportminister op Besuch.
Magaly Meynadier: "Sprong op d'EM ass ee ganz grousst Zil vu mir an der Ekipp", 16/12/2024
An eisem Podcast “Drëtt Hallschent – De Sport Talk” ass dës Woch d‘Magaly Meynadier Invitée.
Jim Mayer: "Vum Niveau hier si mir guer net esou wäit ewech", 09/12/2024
An eisem Podcast “Drëtt Hallschent – De Sport Talk” ass dës Woch den aktuelle Lëtzebuerger Darts-Champion Jim Mayer beim Sam Rickal op Besuch.
Christine Majerus: "D'Häerz hätt nach gewollt, de Kapp wollt awer net méi", 02/12/2024
Dës Woch ass d'Christine Majerus eis Invitée am Podcast Drëtt Hallschent. Mat 37 Joer, huet d'Christine Majerus de Vëlo un den Nol gehaangen. An der "Drëtter Hallschent", kuckt de Rich Simon zesumme mat der Grande-Dame aus dem Lëtzebuerger Cyclissem zeréck op eng eenzegaarteg Karriär. Wéi huet alles ugefaangen a wéi huet den Damme-Cyclissem sech an de leschte Jore verännert? Dat si Froen, déi beäntwert ginn. Am Podcast kuckt d'Christine Majerus awer och zeréck op déi manner schéi Momenter, déi et am Laf vun der Karriär goufen. Virun allem d'Accident vum Amy Pieters deet dem Christine Majerus nach ëmmer wéi. D'Ausnameathletin erzielt awer och, wat fir eng Bedeitung déi siwefach Auszeechnung zur Sportlerin vum Joer fir si huet.