
Be Well - De gesonde Podcast mam Sarah Cattani
63 episodes — Page 1 of 2
Episode 62 : Wëllplanzen

Unature
Mat UNature entdecken mir, wéi de Bësch a natierlech Raim zu Lëtzebuerg aktiv zu mentaler Gesondheet, Präventioun an Educatioun bäidroen. D’Organisatioun verbënnt wëssenschaftlech Fuerschung mat konkreter Praxis a schafft zesumme mat Schoulen, Ministèren a Gesondheetsakteuren, fir Natur als Ressource fir Resilienz an nohalteg gesellschaftlech Entwécklung ze verankeren. An dësem Episod schwätzen mir mam Julie Schadeck - General Manager vun UNature - wéi wëssenschaftlech Evidenz a konkret Praxis mateneen verbonne ginn. D'Julie schafft um Kräizpunkt vu Mentaler Gesondheet, sozial-emotionaler Entwécklung, Ëmweltpolitik an gesellschaftlecher Transformatioun. Vun internationaler Projet-Entwécklung iwwer EU-Programmer bis hin zu konkrete Bësch-Projeten hei zu Lëtzebuerg – si baut Brécken tëscht Ministèren, Schoulen, Gesondheetsakteuren an Zivilgesellschaft. Mee hannert all Strategie steet eng Iwwerzeegung: D’Natur ass net nëmmen en Hannergrond. Si ass en aktiven Partner fir Präventioun, Resilienz a laangfristeg gesellschaftlech Verännerung.

Episode 60: Krav Maga
Krav Maga ass méi wéi Selbstverdeedegung: et geet ëm Sécherheet, Selbstvertrauen a mental Stäerkt. Eng praktesch Approche, déi op natierleche Reaktiounen baséiert a fir richteg Situatiounen entwéckelt gouf – am Alldag an a schwierege Momenter. De Marc Stoltz war an senger Carrière war hien ëmmer op der Sich no enger Selbstverdeedegung, déi wierklech funktionéiert – souwuel fir Asazkräfte wéi och fir normal Bierger. Dat huet hien zum Krav Maga gefouert. Haut ass de Marc ee vun den héichst graduéierte Blackbelts vu Krav Maga Worldwide an Europa. 2012 huet hien zesumme mat senger Partnerin Jennifer Carat dat éischt voll professionellt Krav-Maga-Selbstverdeedegungszentrum zu Lëtzebuerg gegrënnt by kickyoufit.

Episode 59: Food Waste
Be Well haut mam Lisa Albers. Hat ass Responsabel fir Sensibiliséierung an Informatioun bei on.perfekt, enger sozialer Entreprise, déi Liewensmëttel eng zweet Chance gëtt a sech aktiv géint Food Waste asetzt. Schon Schonn wärend hirem Studium zu Amsterdam huet si sech intensiv mam Thema Nohaltegkeet auserneegesat – vu Veganismus iwwer Second-Hand- Konsum bis hin zu hirem Engagement als Bénévole bei enger Fondatioun géint Liewensmëttelverschwendung. on.perfekt huet si vun Ufank un mat vill Interessi verfollegt, a wéi d’Equipe dunn eng Plaz ausgeschriwwen huet, war fir si direkt kloer : hei konnt si hir perséinlech Iwwerzeegungen a seng Passioun zum Beruff maachen. Wat kennen mir konkret geint Food Waste maan, méi dozou an desem Episode.

Episode 58 : Familiencoaching
Fabienne Weber war Joren laang Léierin, mat vill Léift fir d’Kanner – bis si gemierkt huet, datt si sech selwer dobäi verluer huet. Eng eenzeg Situatioun mat engem Kand ass fir si zum Wendepunkt ginn. Si huet erkannt, wéi vill vun deem, wat d’Kanner gewisen hunn, och e Spigel vu hirem eegene bannenzege Chaos war. Haut geet si e komplett neie Wee: hallef an der Schoul, an hallef als Familiencoach, wou si Elteren a Kanner mat vill Sensibilitéit a Selbsterfarung begleet.

Episode 57: Spirituell Hypnose

Episode 56: Tarot
Mir machen en Ausfluch an d’Welt vum Tarot. Wien sech elo eng Madame Irma fierstellt an enger Roulotte mat enger Glaskugel an Kaarten deen lait awer falsch… Tarot de Marseille Versioun 2025. An fir dorriwwer ze schwàtzen ass d’Chloé Schonckert haut bei mir am Studio.

Episode 55 : Energetesch Hausrengegung
Et ass Rentrée an vill vun ais maan dann och doheem nees alles prëtt- dei grouss Bot oder alles emol aussortieren wat n¨t mei gebraucht gett… ma dat kann een nach mei wait feieren. Energetesch kann een sain Haus nämlech och rengegen an dorriwer schwätzen er haut mam Kathrin Werno, freier Journalistin, mee och Feng Shui Berooderin, Theta Healing Practioner an Coach.

Episode 54 - Living Food
"Living Food" beschreift Liewensmëttel, déi an hirem natierlechen, onveraarbechten Zoustand konsuméiert ginn, ouni iwwer d'Kierpertemperatur erhëtzt ze ginn. Dëst bedeit, datt se sou wéineg wéi méiglech veraarbecht ginn, fir hir ursprénglech Nährstoffdicht an d'Enzymer, déi se enthalen, ze erhalen. D'Véronique Defosse huet no 25 Joer Aarbecht am finanzellen Beraich zu Lëtzebuerg hier Carrière komplett geännert an eng Formatioun op der EAVD gemach ( Ecole d’Alimentation Vivante et Durable) an proposeiert haut Atelieren, Teambuilding an an coaching ennert dem Numm "les vivantes" wou sie den Accent virun allem och op bio an lokal Produiten sëtzt.

Episode 53: Quantum Guidance
"Quantum Guidance – Äre Wee zu Iech selwer" Entdeckt déi déif spirituell Wëssenswelten vun der Quantum Guidanc, oder guidance informationelle quantique op franseisch. Fir jiddereen, deen op der Sich no méi déifem Verständnis a Selbstentwécklung ass.

Episode 52: Menopause
Caroline Lentz ass geleiert Franséischproff. 2022 ass si duerch eng Operatioun vun haut op muer an d'Menopause komm wou Sie 45 Joer al war. Doropshin huet si sech immens vill zum Thema informéiert a mëscht haut eng Formatioun als Healthcoaching mat enger Holistescher vue vu Gesondheet an Nutritioun mam Schwéierpunkt op Menopause bei der Fra. Sie huet och fir de Forum en Artikel geschriwwen iwwert den Tabu vun der Menopause an der Gesellschaft a virun allem och an der Aarbechtswelt. Ma wat ass iwwerhaapt genee Menopause, mir ginn dësem Kapitel am Liewe vun der Fra an dësem Episode op de Gronn.

Episode 51: Systemesch Opstellungen
Haut interesseieren mer ais fir Konstellatiounen, net dei am Himmel vun den Staeren mee dei an aiser Famill, Arbechtswelt oder aaner Grupp vun Zesummenliewen. Mir sinn jo all Deel vun engem System - ais Famill, ais Frenn, aist Aarbechtsemfeld. An heiansto sin hei och mei schwiereg Situtaiounan oder Konflikter verstoppt. Onbewosst wiederhuelen mir dei selwecht Geschichten, Thematiken ëmmer nees. Mat enger systemescher Konstellatioun kann een des Problemer erauskristalliseieren an och Leisungen fannen. Wei dat ausgesait erklärt ais haut d’Isabelle Faber.

Episode 50 : Rèckblèck
50 Episoden am Rèckblèck!

Episode 49 : Tai Chi
Tai Chi ass eng meditativ Kampfkonscht. Nodeems de Johnny Li Northern Shaolin Kung Fu praktizéiert huet an a verschidde Buddhistesche Monastères war ass hien op den Tai Chi komm - mei prezis Wu Taijiquan - e ganz aalen Selbstoofwier System deen och déif am Taoismus an Buddhismus verankert ass. An dëser Technik, déi aus der Kampfkonscht kennt, geet et awer net drëms géint een ze kämpfe vu baussen, mee an der Ligne vun der TCM (Traditioneller chineeseschen Medezin) gëtt een als Praktikant ëmmer besser an et kann ee weider heelen, egal wei al een zB ass. De Johnny Li huet huet an de lëschte 7 Joer säin Liewe ganz ëmgekrämpelt fir an duerch den Tai Chi an haut ënnerriicht hie selwer.

Episode 48 : Vegan Chrëchtdaag
D’Feierdeeg sti virun der Dier an ech wollt mech haut emol mat der fro beschäftegen - wat kann een als Vegan oder vegetaresch Optiounen op den Dësch zauberen. An dofir schalte mir live op Wien bei d’Liz Sinner vu vegelizious . Si ass Rezeptentwecklerin an “Food”-Fotografin a schafft och zesumme mat BIOG oder der Moutarderie de Lux. Den Ament studéiert déi jonk Fra Diätologie zu Wien an haat nach ëmmer eng grouss Leidenschaft fir Iessen a Kachen.

Episode 47: Trauerbegleedung
Den Eberhard Driesler kënnt ursprünglech aus Bayern a schafft zanter gudd 30 Joer hei am Land. Hien ass Diplom-Theolog, Diplom-Psycholog, huet e Bachelor an der Philosophie an en Zousatzstudium an der Erwuessepädagogik, Formatioun als systemesche Psychotherapeut an EMDR. Hien huet laang als Pastoralassistent an der Lëtzebuerger Kierch geschafft a gläichzäiteg als Familljen- a Koppelstherapeut am Familljencenter. Zanter 5 Joer sinn ech Psychotherapeut bei Omega90 an schwätzt iwwert Trauer an Trauerbegleedung.

Episode 46 - Psychologesch Berodung am Bësch
An dësem Episode gi mir an de Bësch fir eng psychologesch Berodung. A Kader vun de Semaines de la Santé mentale déi all Joer am Oktober sinn interesséiere mer äis nämlech fir eist mentaalt a psychescht Wuelbefannen. D'Anne Stauder trëfft hier Patienten net an engem Cabinet, mee am Bësch an erkläert äis wat hannert der Forest Walk & Talk Technik stécht.

Episode 45: ADHS bei Erwuessenen
An dësem Podcast interesséiere mer äis fir ADHS bei Erwuessenen. D'Estelle Thilgen ass diploméiert Psychologin mat enger Spezialisatioun an der Neuropsychologie an ADHS. Sie ass och Fondatrice an therapeutesch Coordinatrice vun der "Clinique de l’Attention", ee Service ambulatoire, deen sech op ADHS bei Erwuessene spezialiséiert am Centre Hospitalier du Nord.

Episode 44: Diabetes Preventioun
Haut interesséieren mer äis fir Diabetes, an dat ass un sech en Iwwerbegrëff fir verschidde Stoffwiessel Erkrankungen. All gemeinsam hunn se dass se zu erheischten Bluttzockerwäerter feieren a Patienten e Mangel um Insulin Hormon hunn oder d’Insulin Wierkung verréngert gëtt. Jessica Durbach huet e Master an der Gesondheetsfërderung an Erzeihung. Ass Expertin an der Suchtpreventioun an elo säit 2 Joer an der Maison du Diabète an do och zanter engem Joer Chargée de Direction. Niewenbai gett sie och Traininge fir evidenzbaseiert Suchtpreventioun. D'Kerstin Haller ass Infirmière an da Maison du diabète a responsabel fir Präventioun an den educativen an therapeuteschen Volet. [enter link description here](https://www.ald.lu/de)

Episode : 43 Reflexologie
Be Well Podcast mam Tamara Leuck vun kierperfeissaseil.com

Episode 42: Somatics
Somatics, aus dem engleschen - bedeit un sech de Beräich vun der Kierperraarbecht an der Bewegungsléier an zwar wei een wat vu bannen emfend a wei een déi Erfahrungen ka betounen. Tessy Beckené ass eng ganzheetlech a kierperorienteiert psychopedagogesch Beroderin a somatesch Coach. Sie ass spezialiséiert op Neurodiversität, wie ADHS-Beratung an -Coaching, Traumaverarbeitung, Bindungsproblematiken, souwei Hypersensibilitéit. Des Weideren huet si e Master a “Geistiger Behinderung und Entwicklungsstörungen” gemacht a schafft säit deem am Beräich Diagnostik, Berodung a Begleedung. Dëst geet vu Geeschteger Behënnerung iwwer Léierschwieregkeeten, Autismus, ADHS bis zu Héichbegabun, an all d’Schwieregkeeten déi emotional, familiär a systemesch domat verbonne sinn. Bei hirer eegener Traumaveraabeschtung koum déi somatesch Approche dobäi an dorop huet si sech elo spezialiséiert an ass Somateschen Coach gekoppelt mat Trauma-informéierter Beroderin.

Episode 41 : Faarfanalyse
Mir sinn all eenzegaarteg op dëser Welt a gesinn deemno och eenzegaarteg aus! Des Eenzegaartegkeet gëtt dann och nach duerch eng Kombinaisoun vun Nuancë vun eisem äusserleche Wiese betount- äis Aenfaarf, Hoerfaarf, Hautfaarf… Styliste kennen dëst scho laang ma och ee selwer kann erausfanne weieng Faarwe gutt bei ee passen an domat gesäit et net just optesch besser aus, ma et entseet och en neit Liewensgefill. Fir iwwer Farfanalyse ze schwaten ass haut d’Sabrina Iacovazzi am Studio. Dei haaptberufflech Danzproff hëlleft anere Leit fir déi richteg Faarwen an hiert Liewen ze kréien, an dat kann net just nëmmen äusserlech mee och ganz aanescht hëllefen.

Episode 40: Mobbingpreventioun
Mir interesséieren äis haut fir d’Wuelbefanne vun de méi Klengen, awer natierlech kann alles dat wat mer haut beschwätzen och op déi Erwuessen iwwerdroe ginn. Et geet drëms ouni Angscht kennen am Alldag ze funktionéieren a Resilienz ass do e gudden Wee, an dat kennen och schonn Kanner a Jugendlecher leieren. D’Michele Bloes war selwer Chargé a Schouljoffer a schafft haut als Resilienzcoach mat ganz ënnerschiddleche Gruppe vun Kanner mat sengem Löwenheldtraining am Beräich vun der Mobbingpreventioun.
Episode 39 : Theta Healing
ThetaHealing ass eng Meditationstechnik a spirituell Philosophie, déi vun der Amerikanerin Vianna Stibal gegrënnt gouf. D’Theta Healing-Technik hëlleft un sech fir de Geescht,, Kierper a Séil nei anzeriichten an deem een sech mat enger méi heiger Kraaft verbënnt. Et ass keng Relioun mee awer gleeft een hei drun dass et eng Createur gëtt vun dëser Welt. Weider Detailer ginn et haut mam Kimberly Jeitz.

Episode 38: Wantersport
Di kal Saison steet virun der Dier an do gëtt fir deen een oder aneren Wantersport dann nees groussgeschriwwen. Natierlech denkt een do virop em u Schifueren, ma et ginn och nach aner Wantersportaarte wou sech all Joers leider vill Leit verletzen. Wat kann ee preventiv maachen fir dass et net op emol awer schif ausgeet… doriwwer schwätzen ech haut mat 2 erfuerene Kinesitherapeuten, dem Geoffrey Osch & Anne Frisch.

Episode 37 : Chiropraktik
Chiropraktiker konzentréieren sech virun allem op de Beweegungsapparat vun de Patienten. Et geet een heibäi dovun aus dass déi meescht kierperlech Beschwierden vu Gelenkverännerungen ausgi wei ZB Feelstellungen oder Blockaden. De Scott Oliver war ëmmer passionéiert fir Sport a wärend senger Aarbecht um Calgary Center for Health huet hie Chiropraktik kennegeléiert a war fazineiert vum Impakt vun deser Praxis op sportlech Leeschtungen, ma och generell op d’Gesondheet an mei wait och d’Liewen vun de Leit. Haut ass de Scott Oliver Direkter vun engem ganzen Zentrum ronderëm Sport a Chiropraktik an der Stadt. Hien huet en Dokter als Chiropractiker ma ass och Kinesiologist ma hien ass spezialiséiert an der Wirbelsail, Pathologien an och ebe vill am Zesummenhang mat Sport.

Episode 36: Mentalfeldtechnik
D’Mentalfeld-Techniken (MFT) ass eng liewensbegleedend net invasiv Therapie - an Selbsthellefethode fir d’Balance fir den autonomen Nervesystem. Et kann ee Stress bewältegen egal op et physeschen oder mentale Stress ass an et ass eng Therapie déi ganz gutt hëlleft bei Ängschten, Phobien, Zwäng, Prüfungsangscht, Hyperaktivitéit, chronescher Péng, Allergien asw. Am Studio ass dofir d’Mandy Poncin, eegestänneg Physiotherapeutin mat engem grousse Bagage u Weiderbildungen huet si sech hiren eegene Wee gemaach a kann haut eng ganz breetgefächert Panoplie vun Therapien ubidden, dorënner och MFT.

Episode 35: Massagen
Massage ass jo bekanntlech eng Zort Behandlung vum mënschlechen Kierper duerch klappen, knieden, heemelen, drécken, zeien etc, ma des Technik déi een als Empfänger "kritt" kann och vill méi déif goen an ganz aner Blockaden léisen. D'Ayano Everling huet sech no enger Karriär am Enseignement reorientéiert an proposéiert haut ganzheetlech Massagen aus der ganzer Welt déi vill méi wäit wei just ënnert d'Haut ginn. Vun Lomi Lomi iwwer Reiki, Watsu, Thai, Balinesesch, Shiatsu bis hin zu Ayurvedeschen Massagen huet si ganz villes an hirer Handwierkskëscht an wënnt genee dat un wat grad gebraucht gëtt.

Episode 34: Krafttraining
Virum Summer kucken mir wei mir eisen Kierper an eisen Geescht kennen stäerken. Kraafttraining kann net just d'Kierperkraaft verbesseren mee op laang dauer och en enormen Impakt hunn op ais Gesondheet an Mobilitéit am Alter. Wisou Kraafttraining wichteg ass, wei een déi Saach ungeet an och wei een dobäi blatzt, dat weess d'Conny Kayser mat hierer 20 järeger Erfarung an deem Beräich ganz gutt. Sie ass vun der Langhantel iwwerzeegt an erkläert ais weieng positive Effekter des Zort vun Training kann hunn. Lauschtert eran an gidd vun der kräfteger Energie ugestach.

Episode 33: Human Design
Human Design ass souzesoen eppes wei een Bauplang fir eist Liewen. Jiddereen ass jo mat engem eenzegaartegen Zesummespill vun Veranlagungen, Eegenschaften an Talenter gebuer ginn an Human Design soll hëllefen des ze identifizéieren an domat dann d’Liewen esou ze gestalten dass een sech besser versteet an och säin ganzt Potential erfaassen kann. Deemno ass een dann och méi an der Balance an fillt sech méi ausgeglach… doriwwer wollt ech méi wëssen. Human Design System baséiert sech op eng Mëschung vun honnertdausend aalen theorien iwwert Chakraen, also Energiepunkten am Kierper, I Gong, Astrologie mee och Quantephysik, Biochimie an Genetik. Gegrënnt gouf et virun 30 Joer an Kanada. Fir äis e bëssi eppes doriwwer ze zielen ass d’Franziska Müller am Studio.

Episode 32: Bioresonnance
Moien bei Be Well, dem Gesonde Podcast zu Lëtzebuerg. Um Mikro ass wei gewinnt d’Sarah Cattani, Journalistin an Yoga Instructeur an haut gi mer mol bëssi an den Kierper mossen… an zwar mat Frequenzen. Mir interesséieren ais nämlech fir Bioresonanz. Des Methode kënnt aus der sougenannter Medecine Quantique an et geet heibäi drëms Bilan'en ze maachen an eventuell Anomalien ze reperéieren an zwar mat elektromagnéiteschen Analyse. Fir äis dat alles méi am Detail ze erklären hunn ech haut den Eric Esch am Studio.

Episode 31: Baubiologie
An dësem Podcast interesséieren mer äis un d’Ëmfeld an deem mer wunnen. Baubiologie ass un sech d’Leier vun der ganzheetlecher Bezéiung tëscht den Mënschen an hirer gebauter Ëmwelt. Baubiologie huet als Ziel een gesond naturno, nohaltegt an och ästhetescht Wunn oder Aarbechtsëmfeld ze schafen. Gebaier an Raim sinn fir Baubiologen souzesoen wei eng drëtt Haut vum Mënsch an dat kann op ganz villes en Afloss hunn, wou een vlait op den éischten Coup iwwerhaapt net drun denkt. Am Gespréich ass den Ralph Baden, Diplombiologe an Baubiologischer Messtechniker.

Episode 30: Mindfullness
An dësem Podcast gi mer eis emol ganz bewosst wat genee an dësem Moment geschitt. Weieeng Techniken een kann benotzen am privaten oder och am professionellen Liewen fir méi uechtsam ze ginn an deemno och méi bewosst ze handelen. Uechtsamkeet bezeechent en Zoustand vum Geescht an deem den Mënsch hellwaakreg ass an alles matkritt wat den Moment selwer geschitt souwuel kierperlech wei mental mee ouni Gedankenstreim dei hien op eng aner Platz matrappen, ouni Erënnerungen oder Projektiounen, ouni Phantasmen oder soss eppes wat hien oflenkt, an och ouni den Moment ze bewäerten. D’Marianne Reimann, Uechtsamkeetscoach erklärt äis net just wat et mat Mindfullness op sech huet mee gëtt äis och en klengen Fiergeschmaach mat enger Mikro Meditatiouns-Übung. Lauschter eran!

Episode 29: Hypnobalance
D'Cindy Gouden ass Hiewan an Hypnotherapeutin an sëtzt sech virun allem mat den Themen Schwangerschaft, Gebuert, Kannerwonsch mee och traumatesch Gebuerten, Fehlgebuerten, Staerenkanner auseneen an seet selwer : egal wei haart d’Ëmstänn sinn et gëtt ëmmer en Mëttel an Wee fir des ze verschaffen. Et geet drëms den Mënschen ze hëllefen nees an den Aklang mat sech selwer ze kommen duerch d’Hypnose an domat dann och hier eegen Balance zreckzefannen. Lauschtert eran, et ass faszinant wat een alles duerch hynpobalance kann verschaffen léieren.

Episode 28: Medical Tattoo
An dësem Episode schwätzen mir mat der Tattoo-artistin Sandra Biewers iwwert medizinesch Tättowéierungen. Zanter gudd 25 Joër gëtt et des Spezialisatioun op “3D Areola/Nipple Restorative and Scar tattooing”. D’Patienten kreien heiduerch en ganzt nait Narbenbild an et kann hinnen och hellefen nee zu sech selwer an zu hirem Kierper ze fannen. En faszinant Thema wat dei aktif Kënschtlerin elo och hei am Land ënnert dem Numm “Moldokter” ugefaangen huet.

Episode 27: Energy Healing
Schamanismus bezeechent un sech eng Traditioun déi aus SIBIRIEN kennt an gëtt dohier och Sibireschen Animismus genannt. D’Heelritualer vun esou Schamanen ginn dobäi net just mam Moment selwer em mee kennen och an d’Vergaangenheet vun der Persoun goen déi bei si geet. Et ass weder eng Relioun nach just eng spirituell Praxis, mee Energieheelen oorientéiert sech awer un dësen Saachen an schafft wei den Numm et schonn seet mat Energien. Klengt vlait op den éischten Bléck bëssi skurril, mee mir wäerten gläich vill méi zu dësem Theme gewuer ginn. Bei mer ass den Frank W. Healer deen aus enger Famill vun Energieheeler kennt awer reicht rezent no enger Carrière am Finanzberaich selwer praktizéiert.

Episode 26: Schwangerschaft
Bei Be Well geet et haut em eng ganz besonnesch Zäit an enger Fra (an och engem Mann) hirem Liewen, nämlech wann en neien klengen Mënsch decidéiert huet op des Welt ze kommen. Schwangerschaft, déi eng hunn eng oder méi hannert sech, aner dreemen dovun oder wëllen guer näischt dovun wëssen. D’Schwangerschaft den Ufank vun all Liewen hei op dësem Planéit, an dat an egal wei engem Familiären oder sozialen Kontext. Et ass den Ufank vun engem ganz neien Kapitel, fir den Puppelchen, fir d’Mamm, den Papp ma och fir all déi ronderem. Fir mat mir iwwert dëst schéint an Thema voller Léift ze schwätzen, an wat fir eng Optiounen een wärend dëser extraer Zäit zu Lëtzebuerg ass haut d’Hiewan Danielle Federspiel bei mir am Studio. Uschléissend schätzen mir mam Stéphanie Fabbri dann och doriwwer wat eng Doula ass an wisou ëmmer méi Fraen och esou eng Berooderin an Begleederin wärend an no der Schwangerschaft huelen.

Episode 25: Emweltmedizin
Mir sinn äis all bewosst dass äis Ëmwelt an eist Ëmfeld en Afloss kenne hunn op äis Gesondheet an awer faellt et eis dacks schwéier ze gesinn wat iwwerhaapt en Impakt op eis huet an wat vlait net. Weien Elementer vun eisem alldeeglechen Ëmfeld sinn deelweis direkt am Zesummenhang mat eisem Wuel oder eben Onwuelbefannen, oder esouguer eisen Krankheetsbiller oder eiser Péng am Kierper? D’EmweltMedizin, och nach Ursaachen Medezin genannt setzt sech genee domat ausenaner. An fir haut mat mir doriwwer ze schwätzen begréissen ech den Dr Joe Diederich bei mir am Studio. Hien ass Generalist an huet awer och eng Hellewull un aneren Formatiounen.

Episode 24: Wassersport
D’Element Waasser ass net aus dem Liewen net ewechzedenken, an an dësem Podcast beschäftegen mer äis mat Aktivitéiten déi een an oder um Waasser maachen kann. Waassersport ass grad am Summer och hei am Land op villen Platzen ugesot. Wat gëtt et iwwerhaapt fir Waassersportaarten? An wiefern ass et anescht um Waasser wei un Land an weieng Beneficer hunn Aktivitéiten an an ronderëm d’Waasser? Fir doriwwer ze schwätzen ass den Vincent Villain haut mäin Invité. Hien huet eng Formatioun als Sozialpedagog an säit 11 Joer ass hien Coordinateur an Responsabel vun den Aktivitéiten op der Base Nautique vu Lëlz beim SNJ an kënnt sech mat allen Waassersportaarten aus.

Episode 23 : Aromatherapie
Lavendel fir ze entspanen, Eukalyptus wann een erkaalt ass, Rosen fir gutt Laun… dat huet een alt schonn emol op mannst héieren oder gelies mee wat genee stécht hannert dem Begrëff Aromatherapie? Wou an wei gëtt se agewennt, wat genee sinn ätheresch Ueleger an op wat muss een oppassen? Doriwwer schwätzen mer Haut mam Catherine Ludivig ,geleiert Gäertnerin an Assistante en Pharmacie. Hirem éischten Kontakt mat den Ueleger war an der Apdikt an zanterhier si mat vill Passioun déi 2 Beruffer. Virun 10 Joer koum dunn déi éischt Aféierung an 2013 dann eng méi déif Ausbildung vun 200 Stonnen zu Köln. Haut schafft si och zesummen mat Hiewanen, Dokteren an Psychologen.

Episode 22 : Schlof
Schlof ass un sech en Zoustand vun absolutter Rou bei Mënsch an Deieren. Den Puls, d’Noutfrequenz an och den Bluttdrock veränneren sech an eisem Schlofphasen an schlof ass wichteg fir en gesond an equilibréiert Liewen, ma weder ze vill nach ze mann Schlof ass gutt fir äis. Wéi mir kennen besser schlofen, méi ausgeglach rouen an am Gesamtbild méi balancéiert kenne sinn dat ass der Masa Nobilo hier Aufgab. Dei fréier Interpretin an Iwwersetzerin ass haut als Coach Actif. Sie ass Embodied Facilitator, Sleep Coach and Movement an Acro Yoga Enseignant an verreit ais an dësem Podcast wéi mir all besser kënnen schlofen.
Episode 21: Allergien
Allergien sinn en Phänomen vum Occident, wisou dat esou ass an wat een preventiv kann maachen, dat beliichten mer an dësem Episode vum Be Well Podcast. Pollen, Liewensmëttel, Fell vun Deieren oder Milben… et ginn eng hëllewull un Saachen op déi déi Erwuessen ma och d’Kanner allergesch reagéieren an déi puer awer och heiansdo ganz vill Auswierkungen op den Alldag hunn. Mee wat genee ass iwwerhaapt eng Allergie, wei entstinn se an wei kann een se evitéieren oder esouguer heelen? Doriwwer schwätzen ech haut mat der Allergologin Dr Francoise Morel

Episode 20: Trisomie21
Trisomie 21 ass déi heefegst genetesch Anomalie. 1 op 1000 Gebuerten getraff ass. Sie exiléiert op der ganzer Welt an dat schonn zanter ëmmer. Un sech enthalen Zellen vun engem Mënsch mat Down Syndrom eng zousätzlech Kopie vum Chromosom 21 also hunn si der am ganzen 3 puer an dohier och den Numm Trisomie 21. Mee wei ass d’Liewen mat deem “Chromosome en plus” an wei ass d’Situatioun haut . Doriwwer schwätzen mer mat der Presidentin an Fondatrice vun der Asbl Trisomie 21 am Kader vum Weltdaag vun der vun der Trisomie 21 den 21 Mäerz. Hei am Land ginn et em déi 250 betraffen Famillen.

Episode 19: Danz
Danz, dat sinn un sech eng Serie vun Mouvementer déi dacks ästhetesch oder symbolesch gemengt sinn, et ass d’Beweegung vum Kierper ouni Wierder, et ass quasi eng Zort Sprooch vum Kierper. Wat fir eng Auswierkungen huet Danzen op eis? Kann eigentlech jiddereen Danzen? Wei kann Danzen eis als Erwuessenen mee och als Kand positiv beaflossen an eventuell zu engem ganz neien Kierpergefill hëllefen. Doriwwer schwätzen mer mat der Danzpädagogin Kamille M. an naitsten Podcast Be Well, de gesonde Podcast zu Lëtzebuerg.

Episode 18: Mindful Eating
An dësem neien Episode beschäftegen mer eis haut mam Sprit vum Kierper, nämlech eisem Iessen an eisen Iessgewunnechten. Mindful Eating: wei kann ech méi bewosst an méi intuitiv Iessen an weieng ganz einfach Saachen kann ech an mengen Alldag ëmsetzen fir dass d'Iesssaachen déi ech zou mer huelen mir och an Leif an Séil gutt dinn. Doriwwer schwätzen mer mam Tammy Diderich, Diététicienne am Sportslycee. Sie ass spezialiséiert op Sporternährung an Intuitiv Iessen.

Episode 17: Osteopathie
Osteopathie ass eng eegestänneg Form vun Medezin an där mat den Hänn geschafft gëtt. Den Mënsch gëtt an senger Gesamtheet behandelt. Vill Leit ginn mat Neigebueren bei den Osteopath oder z-B wann se Péng am Kierper hunn oder aner Problemer. Wat genee ass Osteopathie? Wou hëlleft se an wat ënnerscheet Osteopathie, vun Kiné, Chiruparktiker oder MikroKiné? Vir doriwwer ze schwätzen ass haut den Laurent Devalet bei mir. Hien schafft 2015 als Osteopath an enger pluridisziplinär Praxis.

Episode 16: Burnout
Emotional exhaustion syndrome oder och Burn Out genannt huet een op 10 Employéen an Europa. Am Grand-Duché geet des Zuel souguer nach an d’Lut mat 2 Persounen op 10 déi sech op der Aarbecht gestresst fillen, an chroneschen Stress ass den gréissten Risikofacteur fir en Burn Out. Haut schwätzen mer mam Violaine Neuser , Psychologin am Gesondheetszentrum. Sie ass spezialiséiert am Stress Management an Biofeedback Therapy.

Episode 15: Hypnotherapie
Hypnotherapie baséiert op Psychotherapie an schafft mat verännertem Bewosstsinn déi ënnert dem Begrëff „Trance“ zesummegefaasst ginn. Dëst passéiert duerch Techniken mat Suggestiounen an Formuléieren an sollen et erméiglechen un Partien vun Ennerbewosstgsinn ze kommen op déi mir soss am alldeeglechen liewen keen Accès hunn. Fir mat äis doriwwer ze schwätzen accueilléieren ech haut d’Vanessa Grandjean, si ass Psychotherapeutin am Centre Hospitalier de Luxembourg

Episode 14: Microkinesitherapie
Microkinesitherapie ass eng douce an manuell Therapie wou mat Beréierung geschafft gëtt fir am Organismus déi Platzen ze fannen wou Wonnen nach net geheelt sinn. D'Microkiné, wéi se kuerz genannt gëtt kann Irritatiounen oder Trauma opschaffen déi engem un sech net vlait guer net wierklech bewosst ass. Fir doriwwer ze schwätzen ass haut den Kiné Christophe Radek bei mir am Studio deen zanter 30 Joer als Kiné schafft ma haut quasi just nach Microkiné praktizéiert zu Lëtzebuerg an an Frankräich.

Episode 13: Yoga Therapie
Yoga gëtt et an den ënnerschiddlechste Varianten an déi al Léier aus Indien ass scho laang e weltwäiten Trend. Et ass eng Antik Praxis fir den Kierper an den den Geescht ze harmonéieren an dat mat Otem Exercicer, Übungen an Meditatioun. Yoga Therapie ass wann een des Prozesser ganz bewosst a säin deeglecht Liewen abaut an applizéiert. Mir schwätzen mam Helder de Graça deen schonn méi wei 10 Joer Yoga an och Yoga Therapie enseignéiert an praktizéiert.